Ëffentlech n°3431

Petitionnär/in: Camille Muller

Fir e bessert Versteesdemech am Verkéier : En zousätzleche Volet fir den theoreteschen a praktesche Permis (Fürerschäin), wat dem Ëmgang mat Cyclisten am Verkéier ugeet.

Zil vun der Petitioun

De But vun dëser Petitioun ass de Versteesdemech vum zukünftegen Autofuerer fir de Cyclist ze fërderen. Dofir soll de Permis mat engem theoreteschen a prakteschen (fakultativ bei noweisbar physescher Behënnerung) Volet iwwert Cyclisten am Verkéier ergänzt ginn. Et soll falsch Klischeeën a ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

De But vun dëser Petitioun ass de Versteesdemech vum zukünftegen Autofuerer fir de Cyclist ze fërderen. Dofir soll de Permis mat engem theoreteschen a prakteschen (fakultativ bei noweisbar physescher Behënnerung) Volet iwwert Cyclisten am Verkéier ergänzt ginn. Niewent verkéierstechneschen ... méi

33
Deeg bleiwen
42 /4.500
1%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

Wgl. confirméiert, datt Dir eng national Identifikatiounsnummer hutt.
Gitt wgl. Äre Virnumm an
Gitt wgl. Ären Nonumm an

Mir verifizéieren Är Ënnerschrëft am Nationalen Register vun de physesche Persounen. Duerfir gitt wgl. Ären Numm un wéi et op Ärer Matriculekaart steet. Gitt wgl. och Äre Gebuertsdatum korrekt un.

Fir Äert Gebuertsjoer am Kalenner auszewielen, klickt wgl. op d'Joereszuel fir d'Sélectiounslëscht opzemaachen.

Gitt wgl. Är national Identifikatiounsnummer an.
Gitt wgl. Är Stroossennumm an
Gitt wgl. Är Hausnummer an
Gitt wgl. Är Postleitzuel an
Gitt wgl. Är Uertschaft an
Gitt wgl. Äre Gebuertsdag an - Dir musst minimum 15 Joer al sinn
Gitt wgl. Äre Gebuertsuert un
Gitt wgl. Är E-mailadress an
Déi zwou E-mailadress mussen identesch sinn.

Am Prinzip ginn Ären Numm, Virnumm a Wunnuert an der Lëscht vun den Ënneschrëften um Internetsite vun der Chamber net publizéiert.

Wgl. bestätegen
Wgl. bestätegen
CAPTCHA image for SPAM prevention If you can't read the word, click here.
Dat wat Dir agin hutt, ass net korrekt. Versicht et nach emol.

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
13.12.2024

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3431 ka vum 13-12-2024 un ënnerschriwwe ginn

12.12.2024

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

12.12.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3431 gouf den 12-12-2024 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 13-12-2024 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 23-01-2025 um 23h59

11.12.2024

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 11-12-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3431 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

29.10.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3431 gouf den 29-10-2024 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir e bessert Versteesdemech am Verkéier : En zousätzleche Volet fir den theoreteschen a praktesche Permis (Fürerschäin), wat dem Ëmgang mat Cyclisten am Verkéier ugeet.

Zil vun der Petitioun: De But vun dëser Petitioun ass de Versteesdemech vum zukünftegen Autofuerer fir de Cyclist ze fërderen. Dofir soll de Permis mat engem theoreteschen a prakteschen (fakultativ bei noweisbar physescher Behënnerung) Volet iwwert Cyclisten am Verkéier ergänzt ginn. Et soll falsch Klischeeën a Virurteeler verhënneren.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: De But vun dëser Petitioun ass de Versteesdemech vum zukünftegen Autofuerer fir de Cyclist ze fërderen. Dofir soll de Permis mat engem theoreteschen a prakteschen (fakultativ bei noweisbar physescher Behënnerung) Volet iwwert Cyclisten am Verkéier ergänzt ginn. Niewent verkéierstechneschen Elementer (Ofstand, déi technesch Spezifizitéiten vun de verschiddenen Vëloszorten  am Verkéier. a.s.w.) sollen och falsch Klischeeën a Virurteeler verhënnert ginn.

Beispiller:

- Firwat fiert de Cyclist net ëmmer ganz riets? Gullien déi erausstinn oder eng Kaul an der Strooss maachen, kënnen de Grond sinn, oder en Objet deen en Autofuerer weder gesäit, nach spiert.

- Firwat fuere Cyclisten net ëmmer op der Velospist?  Wien am Alldag Vëlo fiert huet op senger Vëlospist keng Epicerie, keng Apdikt, kee Bistrot, ... an e wunnt net niewent der Vëlospist.

All Cyclist ass anescht. Den Transport vu Kanner fuerdert en anert Fuerverhalen, genau sou wéi den Transport vu méi schwéiere Wueren an engem Cargobike.

Pedelecfuerer gi beim ufueren ënnerschätzt, sou dass zemools bei roude Luuchten déi eng oder aner geféierlech Situatioun entstoe kann.