Ëffentlech n°497

Petitionnär/in: Joe THEIN

Petitioun fir d'Nationalhymn 'Ons Heemecht' als obligtoreschen a pädagogesche Léierstoff an de Schoulen

Zil vun der Petitioun

D‘Zil vun dëser Petitioun ass et, déi lëtzebuergesch Nationalhymn 'Ons Heemecht' als obligatoreschen a pädagogesche Léierstoff an de Schoulen an ze féieren, woubäi dem Schüler d‘Méiglechkeet gebuede gëtt, eis Hymn ze léieren, souwuel textlech ewéi gesanglech. Dësen neie Contenu kéint een als ... méi

ofgelaf  15.05.2015
79 /4.500
2%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
08.07.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 497 ass den 08-07-2015 ofgeschloss ginn

04.06.2015

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

03.06.2015

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 79

03.06.2015

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 497 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 03-06-2015 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 79

16.05.2015

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 497 z'ënnerschreiwen ass den 16-05-2015 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 79

03.04.2015

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 497 ka vum 03-04-2015 un ënnerschriwwe ginn

02.04.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 497 gouf den 02-04-2015 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 03-04-2015 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 15-05-2015 um 23h59

01.04.2015

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 01-04-2015 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 497 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

18.03.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 497 gouf den 18-03-2015 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Petitioun fir d'Nationalhymn 'Ons Heemecht' als obligtoreschen a pädagogesche Léierstoff an de Schoulen

Zil vun der Petitioun: D‘Zil vun dëser Petitioun ass et, déi lëtzebuergesch Nationalhymn 'Ons Heemecht' als obligatoreschen a pädagogesche Léierstoff an de Schoulen an ze féieren, woubäi dem Schüler d‘Méiglechkeet gebuede gëtt, eis Hymn ze léieren, souwuel textlech ewéi gesanglech. Dësen neie Contenu kéint een als Erweiderung oder Ergänzung vum Geschichtsunterrëcht, der Civique, der Education à la citoyenneté oder carrément engem lëtzebuergesche Kuer verstoen, an deementspriechend an dëse Fächer integréieren. D‘Nationalhymn vun engem Land ass eng wichteg national Symbolik, déi eng stäerker emotionell Verbonnenheet zum Land mat sech bréngt, an iwwerdeems och ee vu villen Integratiounsmoyen’en duerstellt. Dësweideren bréngt si eng historesch Wëssensvermëttelung iwwert Lëtzebuerg an ons national Geschicht mat sech, iwwert déi de kulturelle Wëssensstand promovéiert gëtt. Et gëtt Lëtzebuerg och d‘Chance, e méi héije Wäert op eist Kulturgudd an ons Sprooch ze leeën.

 

 

 

 

18.03.2015

Depot