Petitioun fir d'Nationalhymn 'Ons Heemecht' als obligtoreschen a pädagogesche Léierstoff an de Schoulen

Public petition n°497

Petitioner: Joe THEIN

Purpose of the petition

D'Zil vun dëser Petitioun ass et, déi lëtzebuergesch Nationalhymn 'Ons Heemecht' als obligatoreschen a pädagogesche Léierstoff an de Schoulen an ze féieren, woubäi dem Schüler d'Méiglechkeet gebuede gëtt, eis Hymn ze léieren, souwuel textlech ewéi gesanglech. Dësen neie Contenu kéint een als Erweiderung oder Ergänzung vum Geschichtsunterrëcht, der Civique, der Education à la citoyenneté oder carrément engem lëtzebuergesche Kuer verstoen, an deementspriechend an dëse Fächer integréieren. D'Nationalhymn vun engem Land ass eng wichteg national Symbolik, déi eng stäerker emotionell Verbonnenheet zum Land mat sech bréngt, an iwwerdeems och ee vu villen Integratiounsmoyen'en duerstellt. Dësweideren bréngt si eng historesch Wëssensvermëttelung iwwert Lëtzebuerg an ons national Geschicht mat sech, iwwert déi de kulturelle Wëssensstand promovéiert gëtt. Et gëtt Lëtzebuerg och d'Chance, e méi héije Wäert op eist Kulturgudd an ons Sprooch ze leeën.

Reason for the petition

Signature collection over

After analysing all the registered signatures, 79 were valid.

Verified signatures

79 / 4 500

Share the petition

Key information

Closed

Submission date

18/03/2015

Opening of the signature collection

03/04/2015

Additional information