Ëffentlech n°482

Petitionnär/in: Rick Theisen

RECHT OP LËTZEBUERGER SPROOCH

Zil vun der Petitioun

De But vun der Petitioun sollt sinn, dass hei zu Lëtzebuerg net méi genuch Lëtzebuergesch geschwat gëtt! Praktesch iwwerall wou een higeet muss ee Franzéisch schwätzen z.B. an de Klinike schwätzen d’Dokteren zum Deel mol kee Lëtzebuergesch méi, vun den Sekretärinnen praktesch och net! An de ... méi

ofgelaf  17.04.2015
242 /4.500
5%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
04.06.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 482 ass den 04-06-2015 ofgeschloss ginn

27.04.2015

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

22.04.2015

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 242

22.04.2015

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 482 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 22-04-2015 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 242

18.04.2015

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 482 z'ënnerschreiwen ass den 18-04-2015 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 243

06.03.2015

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 482 ka vum 06-03-2015 un ënnerschriwwe ginn

05.03.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 482 gouf den 05-03-2015 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 06-03-2015 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 17-04-2015 um 23h59

23.02.2015

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 23-02-2015 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 482 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

02.02.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 482 gouf den 02-02-2015 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: RECHT OP LËTZEBUERGER SPROOCH

Zil vun der Petitioun: De But vun der Petitioun sollt sinn, dass hei zu Lëtzebuerg net méi genuch Lëtzebuergesch geschwat gëtt!

Praktesch iwwerall wou een higeet muss ee Franzéisch schwätzen z.B. an de Klinike schwätzen d’Dokteren zum Deel mol kee Lëtzebuergesch méi, vun den Sekretärinnen praktesch och net! An de Geschäfter ass och bal keen, dee Lëtzebuergesch schwätzt! An de Schoule sinn souguer Proffen, déi Lëtzebuergesch nach net mol verstinn! Sämtlech Post déi ee kritt, vun den Banken, den Administratiounen, Rechnungen asw. ass op Franzéisch oder vielläicht nach op Däitsch, mais ni op LETZEBUERGESCH!

Wann een duerch d'Staat geet mengt een, et wier een am Ausland, et héiert een zum gréissten Deel friem Sproochen!

Wat geschitt mat der Lëtzebuerger Sprooch, wann net méi drop gehalen gëtt, dassen déi Leit, déi all Dag heihi schaffe kommen oder souguer scho Joren héi am Land wunnen, Lëtzebuergesch solle léieren ; da geet d'Lëtzebuerger Sprooch ënner! Well d'Lëtzebuerger selwer och zum Deel ëmmer méi franzéisch Wierder benotzen!

Firwat ass daat sou? Et ass wiirklech néidesch, dass eppes geschitt! An et ass un deenen zoustänneche Leit, déi onst Land regéieren, an dem Sënn eppes ze ënnerhuelen an drop ze halen, dass ons Sprooch erhale bleift! Well mir wëlle jo bleiwe wat mir sinn!

 

Dëst huet kee rassisteschen Hannergrond, mais mir Lëtzebuerger solle mol méi op ons halen!

 

01.02.2015

Depot