Public n°482

Petitioner: Rick Theisen

RECHT OP LËTZEBUERGER SPROOCH

Purpose of the petition

De But vun der Petitioun sollt sinn, dass hei zu Lëtzebuerg net méi genuch Lëtzebuergesch geschwat gëtt! Praktesch iwwerall wou een higeet muss ee Franzéisch schwätzen z.B. an de Klinike schwätzen d’Dokteren zum Deel mol kee Lëtzebuergesch méi, vun den Sekretärinnen praktesch och net! An de ... more

ended  17.04.2015
242 /4.500
5%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
04.06.2015

The public petition n°482 is closed on 04-06-2015

27.04.2015

Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition

22.04.2015

Validated electronic signatures: 242

22.04.2015

The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°482, on 22-04-02015 - Number of signatures after validation: 242

18.04.2015

The period for signing the public petition n°. 482 is closed on 18-04-2015 - Number of electronic signatures before validation: 243

06.03.2015

The public petition n°482 is open for signature, on 06-03-2015

05.03.2015

The public petition n°482 is declared admissible by the Conference of Presidents on 05-03-2015

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 06-03-2015 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 17-04-2015 at 11:59 p.m.

23.02.2015

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 482, on 23-02-2015

Opinion of the Committee on Petitions: positive

02.02.2015

The petition public n°482 is submitted the 02-02-2015

Title of the petition: RECHT OP LËTZEBUERGER SPROOCH

Aim of the petition: De But vun der Petitioun sollt sinn, dass hei zu Lëtzebuerg net méi genuch Lëtzebuergesch geschwat gëtt!

Praktesch iwwerall wou een higeet muss ee Franzéisch schwätzen z.B. an de Klinike schwätzen d’Dokteren zum Deel mol kee Lëtzebuergesch méi, vun den Sekretärinnen praktesch och net! An de Geschäfter ass och bal keen, dee Lëtzebuergesch schwätzt! An de Schoule sinn souguer Proffen, déi Lëtzebuergesch nach net mol verstinn! Sämtlech Post déi ee kritt, vun den Banken, den Administratiounen, Rechnungen asw. ass op Franzéisch oder vielläicht nach op Däitsch, mais ni op LETZEBUERGESCH!

Wann een duerch d'Staat geet mengt een, et wier een am Ausland, et héiert een zum gréissten Deel friem Sproochen!

Wat geschitt mat der Lëtzebuerger Sprooch, wann net méi drop gehalen gëtt, dassen déi Leit, déi all Dag heihi schaffe kommen oder souguer scho Joren héi am Land wunnen, Lëtzebuergesch solle léieren ; da geet d'Lëtzebuerger Sprooch ënner! Well d'Lëtzebuerger selwer och zum Deel ëmmer méi franzéisch Wierder benotzen!

Firwat ass daat sou? Et ass wiirklech néidesch, dass eppes geschitt! An et ass un deenen zoustänneche Leit, déi onst Land regéieren, an dem Sënn eppes ze ënnerhuelen an drop ze halen, dass ons Sprooch erhale bleift! Well mir wëlle jo bleiwe wat mir sinn!

 

Dëst huet kee rassisteschen Hannergrond, mais mir Lëtzebuerger solle mol méi op ons halen!

 

01.02.2015

Filing