Petitionnär/in: Camille Muller
Fir e bessert Versteesdemech am Verkéier : En zousätzleche Volet fir den theoreteschen a praktesche Permis (Fürerschäin), wat dem Ëmgang mat Cyclisten am Verkéier ugeet.
Zil vun der Petitioun
De But vun dëser Petitioun ass de Versteesdemech vum zukünftegen Autofuerer fir de Cyclist ze fërderen. Dofir soll de Permis mat engem theoreteschen a prakteschen (fakultativ bei noweisbar physescher Behënnerung) Volet iwwert Cyclisten am Verkéier ergänzt ginn. Et soll falsch Klischeeën a ... méi
Motivatioun vun der Petitioun
De But vun dëser Petitioun ass de Versteesdemech vum zukünftegen Autofuerer fir de Cyclist ze fërderen. Dofir soll de Permis mat engem theoreteschen a prakteschen (fakultativ bei noweisbar physescher Behënnerung) Volet iwwert Cyclisten am Verkéier ergänzt ginn. Niewent verkéierstechneschen ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3431 ka vum 13-12-2024 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3431 gouf den 12-12-2024 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 13-12-2024 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 23-01-2025 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 11-12-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3431 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3431 gouf den 29-10-2024 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Fir e bessert Versteesdemech am Verkéier : En zousätzleche Volet fir den theoreteschen a praktesche Permis (Fürerschäin), wat dem Ëmgang mat Cyclisten am Verkéier ugeet.
Zil vun der Petitioun: De But vun dëser Petitioun ass de Versteesdemech vum zukünftegen Autofuerer fir de Cyclist ze fërderen. Dofir soll de Permis mat engem theoreteschen a prakteschen (fakultativ bei noweisbar physescher Behënnerung) Volet iwwert Cyclisten am Verkéier ergänzt ginn. Et soll falsch Klischeeën a Virurteeler verhënneren.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: De But vun dëser Petitioun ass de Versteesdemech vum zukünftegen Autofuerer fir de Cyclist ze fërderen. Dofir soll de Permis mat engem theoreteschen a prakteschen (fakultativ bei noweisbar physescher Behënnerung) Volet iwwert Cyclisten am Verkéier ergänzt ginn. Niewent verkéierstechneschen Elementer (Ofstand, déi technesch Spezifizitéiten vun de verschiddenen Vëloszorten am Verkéier. a.s.w.) sollen och falsch Klischeeën a Virurteeler verhënnert ginn.
Beispiller:
- Firwat fiert de Cyclist net ëmmer ganz riets? Gullien déi erausstinn oder eng Kaul an der Strooss maachen, kënnen de Grond sinn, oder en Objet deen en Autofuerer weder gesäit, nach spiert.
- Firwat fuere Cyclisten net ëmmer op der Velospist? Wien am Alldag Vëlo fiert huet op senger Vëlospist keng Epicerie, keng Apdikt, kee Bistrot, ... an e wunnt net niewent der Vëlospist.
All Cyclist ass anescht. Den Transport vu Kanner fuerdert en anert Fuerverhalen, genau sou wéi den Transport vu méi schwéiere Wueren an engem Cargobike.
Pedelecfuerer gi beim ufueren ënnerschätzt, sou dass zemools bei roude Luuchten déi eng oder aner geféierlech Situatioun entstoe kann.