Ëffentlech n°3378

Petitionnär/in: Roman Kurilow

All d'Lëtzebuerger mussen ee Mol am Mount e Quiz iwwer d'Cybersécherheet maachen

Zil vun der Petitioun

Den Zil vun dëser Petitioun ass dozou bäizedroen datt all d'Lëtzebuerger iwwer d'Cybersécherheet opgeklärt ass an sech am Internet sécher verhält.

Motivatioun vun der Petitioun

Doduerch, datt d'Digitalisatioin ëmmer méi zouhëllt, ass et vun ëmmer méi grousser Bedeitung, datt eis Natioun sécher virun Cyberugrëffer ass. Dëst ass nëmmen dann ze erreechen, wann all lëtzebuerger Bierger sech all den Geforen am Netz bewosst ass an déi néideg Moossnamen dogéint ergräift.  ... méi

39
Deeg bleiwen
5 /4.500
0%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
25.10.2024

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3378 ka vum 25-10-2024 un ënnerschriwwe ginn

24.10.2024

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

24.10.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3378 gouf den 24-10-2024 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 25-10-2024 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 05-12-2024 um 23h59

23.10.2024

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 23-10-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3378 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

01.10.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3378 gouf den 01-10-2024 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: All d'Lëtzebuerger mussen ee Mol am Mount e Quiz iwwer d'Cybersécherheet maachen

Zil vun der Petitioun: Den Zil vun dëser Petitioun ass dozou bäizedroen datt all d'Lëtzebuerger iwwer d'Cybersécherheet opgeklärt ass an sech am Internet sécher verhält.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Doduerch, datt d'Digitalisatioin ëmmer méi zouhëllt, ass et vun ëmmer méi grousser Bedeitung, datt eis Natioun sécher virun Cyberugrëffer ass. Dëst ass nëmmen dann ze erreechen, wann all lëtzebuerger Bierger sech all den Geforen am Netz bewosst ass an déi néideg Moossnamen dogéint ergräift.

Dofir proposéiert dës Petitioun, datt jiddereen, deen zu Lëtzebuerg wunnt, an déi lëtzebuerger Nationalitéit huet, dozou verpflicht ass, ee Mol am Mound e Quiz vun ongeféier 10 Frown iwwer d'Cybersécherheet auszefëllen an an déi respektiv Instanzen eranzeschécken.