Petitionnär/in: Roman Kurilow
All d'Lëtzebuerger mussen ee Mol am Mount e Quiz iwwer d'Cybersécherheet maachen
Zil vun der Petitioun
Den Zil vun dëser Petitioun ass dozou bäizedroen datt all d'Lëtzebuerger iwwer d'Cybersécherheet opgeklärt ass an sech am Internet sécher verhält.
Motivatioun vun der Petitioun
Doduerch, datt d'Digitalisatioin ëmmer méi zouhëllt, ass et vun ëmmer méi grousser Bedeitung, datt eis Natioun sécher virun Cyberugrëffer ass. Dëst ass nëmmen dann ze erreechen, wann all lëtzebuerger Bierger sech all den Geforen am Netz bewosst ass an déi néideg Moossnamen dogéint ergräift. ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3378 ka vum 25-10-2024 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3378 gouf den 24-10-2024 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 25-10-2024 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 05-12-2024 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 23-10-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3378 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3378 gouf den 01-10-2024 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: All d'Lëtzebuerger mussen ee Mol am Mount e Quiz iwwer d'Cybersécherheet maachen
Zil vun der Petitioun: Den Zil vun dëser Petitioun ass dozou bäizedroen datt all d'Lëtzebuerger iwwer d'Cybersécherheet opgeklärt ass an sech am Internet sécher verhält.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Doduerch, datt d'Digitalisatioin ëmmer méi zouhëllt, ass et vun ëmmer méi grousser Bedeitung, datt eis Natioun sécher virun Cyberugrëffer ass. Dëst ass nëmmen dann ze erreechen, wann all lëtzebuerger Bierger sech all den Geforen am Netz bewosst ass an déi néideg Moossnamen dogéint ergräift.
Dofir proposéiert dës Petitioun, datt jiddereen, deen zu Lëtzebuerg wunnt, an déi lëtzebuerger Nationalitéit huet, dozou verpflicht ass, ee Mol am Mound e Quiz vun ongeféier 10 Frown iwwer d'Cybersécherheet auszefëllen an an déi respektiv Instanzen eranzeschécken.