Ëffentlech n°3120

Petitionnär/in: Arlind Veliqi

Oschafe vum CAE Kontrakt (Contrat d'Appui Emploi) oder fair Konditiounen fir den CAE Kontrakt.

Zil vun der Petitioun

Des Petitioun huet d’Zil, dass den Aarbechtsminister sech Gedanke mecht, ob den CAE Kontrakt net ofgeschaaft soll ginn oder mei fair Konditioune solle geschaaft ginn. Jonker, déi hir éischt Aarbechtserfahrung maachen, sollen net esou eng negativ Erfarung dierfe maachen. D’Aarbechtswelt ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Den CAE (Contrat d'Appui Emploi) Kontrakt gëtt vun der ADEM ausgestallt, wann een 3 Méint bei der ADEM ugemellt ass, fir Leit ënner 30 Joer. Vill Ufänger, déi bei der ADEM ugemellt sinn, maachen hir eicht Aarbechtserfahrung mam CAE Kontrakt, wat mat Frustratioun a wéineg Motivatioun kann ... méi

17
Deeg bleiwen
15 /4.500
0%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
07.06.2024

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3120 ka vum 07-06-2024 un ënnerschriwwe ginn

06.06.2024

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

06.06.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3120 gouf den 06-06-2024 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 07-06-2024 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 18-07-2024 um 23h59

05.06.2024

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 05-06-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3120 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

22.03.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3120 gouf den 22-03-2024 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Oschafe vum CAE Kontrakt (Contrat d'Appui Emploi) oder fair Konditiounen fir den CAE Kontrakt.

Zil vun der Petitioun: Des Petitioun huet d’Zil, dass den Aarbechtsminister sech Gedanke mecht, ob den CAE Kontrakt net ofgeschaaft soll ginn oder mei fair Konditioune solle geschaaft ginn.

 

Jonker, déi hir éischt Aarbechtserfahrung maachen, sollen net esou eng negativ Erfarung dierfe maachen. D’Aarbechtswelt muss attraktiv gemaach ginn, zumools fir Jonker, an dofir ass den CAE net geduecht.

 

Et ass fir d‘ Ufänger, d’Aarbechtswelt attraktiv ze maachen an se och esou ze halen.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Den CAE (Contrat d'Appui Emploi) Kontrakt gëtt vun der ADEM ausgestallt, wann een 3 Méint bei der ADEM ugemellt ass, fir Leit ënner 30 Joer.

 

Vill Ufänger, déi bei der ADEM ugemellt sinn, maachen hir eicht Aarbechtserfahrung mam CAE Kontrakt, wat mat Frustratioun a wéineg Motivatioun kann verbonnen gin.

Den onfaire Loun fir déi Aarbechter mat engem CAE, brenge vill dozou net mei weider wëllen ze schafen oder gesinn d'Aarbechtswelt net mei als eng fair Platz.

 

D'Tachen sinn an de meeschten Fäll identesch, wei déi vun den normalen Aarbechter.

 

Mineure kréien automatesch 80% vum onqualifizéierten Mindestloun, ouni Index.

 

Majeuren déi keen Diplom hunn oder een DAP hunn oder een 11èmeTechnique/Technicien Ofschloss oder een 13ème Technique/Technicien Ofschloss hunn, kréien mat engem CAE Kontrakt just den onqualifizéierten Mindestloun, ouni Index.

Jonker déi een BTS oder Bachelor/Master hunn, kréien 130% vum onqualifizéierten Mindestloun, ouni Index.

 

Dëse Kontrakt besteet 12 Méint a ka bis zu 6 Méint verlängert ginn.

Wat och ganz vill Jonker mat engem CAE erliewen, ass dass se no den 12 Méint oder 18 Méint op der Aarbechtsplaz mol net als CDD oder CDI ugeholl ginn.

 

Et ass dofir dringend neidesch, d'Konditiounen ze änneren oder dësen Kontrakt komplett ofzeschafen.