Public n°3120

Petitioner: Arlind Veliqi

Oschafe vum CAE Kontrakt (Contrat d'Appui Emploi) oder fair Konditiounen fir den CAE Kontrakt.

Purpose of the petition

Des Petitioun huet d’Zil, dass den Aarbechtsminister sech Gedanke mecht, ob den CAE Kontrakt net ofgeschaaft soll ginn oder mei fair Konditioune solle geschaaft ginn. Jonker, déi hir éischt Aarbechtserfahrung maachen, sollen net esou eng negativ Erfarung dierfe maachen. D’Aarbechtswelt ... more

Reasons for the petition

Den CAE (Contrat d'Appui Emploi) Kontrakt gëtt vun der ADEM ausgestallt, wann een 3 Méint bei der ADEM ugemellt ass, fir Leit ënner 30 Joer. Vill Ufänger, déi bei der ADEM ugemellt sinn, maachen hir eicht Aarbechtserfahrung mam CAE Kontrakt, wat mat Frustratioun a wéineg Motivatioun kann ... more

16
days remaining
15 /4.500
0%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
07.06.2024

The public petition n°3120 is open for signature, on 07-06-2024

06.06.2024

Statement of admissibility

06.06.2024

The public petition n°3120 is declared admissible by the Conference of Presidents on 06-06-2024

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 07-06-2024 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 18-07-2024 at 11:59 p.m.

05.06.2024

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 3120, on 05-06-2024

Opinion of the Committee on Petitions: positive

22.03.2024

The petition public n°3120 is submitted the 22-03-2024

Title of the petition: Oschafe vum CAE Kontrakt (Contrat d'Appui Emploi) oder fair Konditiounen fir den CAE Kontrakt.

Aim of the petition: Des Petitioun huet d’Zil, dass den Aarbechtsminister sech Gedanke mecht, ob den CAE Kontrakt net ofgeschaaft soll ginn oder mei fair Konditioune solle geschaaft ginn.

 

Jonker, déi hir éischt Aarbechtserfahrung maachen, sollen net esou eng negativ Erfarung dierfe maachen. D’Aarbechtswelt muss attraktiv gemaach ginn, zumools fir Jonker, an dofir ass den CAE net geduecht.

 

Et ass fir d‘ Ufänger, d’Aarbechtswelt attraktiv ze maachen an se och esou ze halen.

 

Motivation of the general interest of the petition: Den CAE (Contrat d'Appui Emploi) Kontrakt gëtt vun der ADEM ausgestallt, wann een 3 Méint bei der ADEM ugemellt ass, fir Leit ënner 30 Joer.

 

Vill Ufänger, déi bei der ADEM ugemellt sinn, maachen hir eicht Aarbechtserfahrung mam CAE Kontrakt, wat mat Frustratioun a wéineg Motivatioun kann verbonnen gin.

Den onfaire Loun fir déi Aarbechter mat engem CAE, brenge vill dozou net mei weider wëllen ze schafen oder gesinn d'Aarbechtswelt net mei als eng fair Platz.

 

D'Tachen sinn an de meeschten Fäll identesch, wei déi vun den normalen Aarbechter.

 

Mineure kréien automatesch 80% vum onqualifizéierten Mindestloun, ouni Index.

 

Majeuren déi keen Diplom hunn oder een DAP hunn oder een 11èmeTechnique/Technicien Ofschloss oder een 13ème Technique/Technicien Ofschloss hunn, kréien mat engem CAE Kontrakt just den onqualifizéierten Mindestloun, ouni Index.

Jonker déi een BTS oder Bachelor/Master hunn, kréien 130% vum onqualifizéierten Mindestloun, ouni Index.

 

Dëse Kontrakt besteet 12 Méint a ka bis zu 6 Méint verlängert ginn.

Wat och ganz vill Jonker mat engem CAE erliewen, ass dass se no den 12 Méint oder 18 Méint op der Aarbechtsplaz mol net als CDD oder CDI ugeholl ginn.

 

Et ass dofir dringend neidesch, d'Konditiounen ze änneren oder dësen Kontrakt komplett ofzeschafen.