Ëffentlech n°2387

Petitionnär/in: Nicolas Gengler

Fir e besseren Service um Client bei den Banken

Zil vun der Petitioun

D'Ziil vun der Petitioun ass, dass d'Leit kennen op eng Agence goen fir all operatiounen ze tätegen, fir dass d'Guichet'en vun den Banken op an accessibel sinn fir de Client, dass et keng onneideg Frais'en gett an dass de Mensch erem mei am Mettelpunkt steet.

Motivatioun vun der Petitioun

Eis Mattmenschen, wei och ech selwer sin dovunner betraff, dass een kaum nach Operatiounen op den Agencen an der Geigend kann maan. Et kann een do keng Suen mei emtauschen, do muss een an speziell Agencen goen, freier gouf daat bestallt an op där Agence oofgeholl dei no beim Client ass. Fir ... méi

ofgelaf  17.11.2022
89 /4.500
2%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
16.01.2023

Deklaratioun vun der Cloture

11.01.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2387 ass den 11-01-2023 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

01.12.2022

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

30.11.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2387 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 30-11-2022 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 89

30.11.2022

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 89

18.11.2022

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2387 z'ënnerschreiwen ass den 18-11-2022 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 89

07.10.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2387 ka vum 07-10-2022 un ënnerschriwwe ginn

06.10.2022

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

06.10.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2387 gouf den 06-10-2022 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 07-10-2022 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 17-11-2022 um 23h59

05.10.2022

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 05-10-2022 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2387 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

27.06.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2387 gouf den 27-06-2022 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir e besseren Service um Client bei den Banken

Zil vun der Petitioun: D'Ziil vun der Petitioun ass, dass d'Leit kennen op eng Agence goen fir all operatiounen ze tätegen, fir dass d'Guichet'en vun den Banken op an accessibel sinn fir de Client, dass et keng onneideg Frais'en gett an dass de Mensch erem mei am Mettelpunkt steet.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Eis Mattmenschen, wei och ech selwer sin dovunner betraff, dass een kaum nach Operatiounen op den Agencen an der Geigend kann maan. Et kann een do keng Suen mei emtauschen, do muss een an speziell Agencen goen, freier gouf daat bestallt an op där Agence oofgeholl dei no beim Client ass. Fir deck Rechnungen muss een och op speziell Agenc'en goen oder et online maachen, wann een an d'Agence geet kascht daat och nach Frais'en. Daat ass kee Service um Client mei, d'Banken sollten no beim Client sinn, si maachen d'Gestioun vum Client sengen Suen. D'Frais'en vun den Konten sin net geschenkt, op dei wierklech sou heich mussen sinn, ass eng aaner Fro. Virun net allzelaanger Zait war "der Kunde König", haut ass en eng Mellechkou.

D'Banken an och d'Post missten verpflicht gin, dest per Gesetz, fir mei orienteiert op de Client ze schaffen an dem Client sengen Besoin'en gerecht ze gin, och wann daat zu folleg huet, dass et eng Bank "mei" kascht. waat geif gescheien, wann d'Internetstruktur zesummenbrecht, dann ass praktesch keng Operatioun mei meiglech.

All d'Servicer mussen de Client'en souwuel online wei och an den Agenc'en zur Dispositioun stoen, an dest och zu Zaiten wou d'Leit disponibel sin. e gudden Frontdesk ass och gudd fir den Ruff vun der Bank. Des Weideren mussen d'Käschten an d'Frais'en vill mei transparent sinn. Eng Transaktioun am Guichet sollt och naischt kaschten, fir dem Client och ze weisen, dass en wellkomm ass. Mir muteiren am Moment emmer mei zu enger Servicewüst. Daat nämlecht gellt och fir den Echange vun Devisen, dei een misst kennen op där Agence siche goen wou een wellt. Des Weideren wieren Öffnungszaiten dei un den Client adapteiert sinn hellefraich, daat dierf Samsdes net ausschleissen.

Dest geif och der Reputatioun vun der Bankeplaatz gudd doen.