Petitionnär/in: Georges Leuck
Immatriculatiouns Plaquen fir Vëloen & Elektroroller / plaquettes d'immatriculation pour vélos & scooters électriques
Zil vun der Petitioun
D'Zil as dat all Velo & Electroroller muss eng ob Distanz gudd erkennbar Immatriculatiouns-plaquette kreien. Le but est que chaque vélo & scooter électrique doit avoir une plaque d'immatriculation facilement visible à distance comme ils font part du trafic routier.
Motivatioun vun der Petitioun
Leider fueren vill Velosfuerer & Elektrorollerfuerer immens rücksichtslos, haalen sech net un d'Verkeiersreegelen an stoussen och des öfteren Foussgänger un. Dann maachen sie sech einfach duerch d'Bascht an wann een dann bei d'Police geet fir eng Plainte ze maachen as een leider extreem ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
D'ëffentlech Petitioun Nr. 1958 ass den 14-12-2021 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1958 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 10-11-2021 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 257
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 257
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1958 z'ënnerschreiwen ass den 29-10-2021 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 257
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1958 ka vum 17-09-2021 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 1958 gouf den 16-09-2021 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 17-09-2021 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 28-10-2021 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 15-09-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1958 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 1958 gouf den 28-07-2021 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Immatriculatiouns Plaquen fir Vëloen & Elektroroller / plaquettes d'immatriculation pour vélos & scooters électriques
Zil vun der Petitioun: D'Zil as dat all Velo & Electroroller muss eng ob Distanz gudd erkennbar Immatriculatiouns-plaquette kreien.
Le but est que chaque vélo & scooter électrique doit avoir une plaque d'immatriculation facilement visible à distance comme ils font part du trafic routier.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Leider fueren vill Velosfuerer & Elektrorollerfuerer immens rücksichtslos, haalen sech net un d'Verkeiersreegelen an stoussen och des öfteren Foussgänger un. Dann maachen sie sech einfach duerch d'Bascht an wann een dann bei d'Police geet fir eng Plainte ze maachen as een leider extreem limiteiert betreffend d'Angaben dei een kann maachen. Duerch des Moossnahm keinten dei betraffen Fahrer ganz seier identifizeiert gin an och zur Rechenschaft gezunn gin. Oofgesin dovun sin sie Déel vum Strossenverkeier an sollen och deementspriechend gekennzeechent gin fir dat d'Police se kann ouni weideres identifizeieren. Ech denken och dat wann sie wessen dat sie net mei anonym sin dat sie sech dann 2x iwerleen wei se sollen fueren an dat domadder och d'Zuel vun den Akzidenter an Verkeiersdelikter waert / keint eroofgoen.