Petitionnär/in: Luis Soares
Mobilité : Pôle d'échange P+R Lorentzweiler A7
Zil vun der Petitioun
Gudde Moien, Ech hätt einfach just eng Iddi déi ech op dësem Wee wéilt weiderginn. Problem : de Stau all Moies op der A7 Léisungs-Virschlag: 1. Bau vun engem P+R direkt beim Rond-Point Lorentzweiler op der Intersectioun A7/N7. D’Autoen aus dem Norden fueren Ausfahrt ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
D'einfach Petitioun Nr. 1933 ass den 18-05-2022 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: Prise de position gouvernementale restée sans suite
Weiderleedung vun der Stellungnahm vun der Regierung un de Petitionär
Eng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 1933 ass disponibel, den 19-01-2022
Minister(en): Monsieur François Bausch, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics
Eng Stellungsnam ass den 20-07-2021 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 1933 ugefrot ginn
Minister(en): Monsieur François Bausch, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics
Déi ordinär Petitioun Nr. 1933 gouf den 13-07-2021 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert
Recevabilitéit: recevabel
D'einfach Petitioun Nr. 1933 gouf den 05-07-2021 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Mobilité : Pôle d'échange P+R Lorentzweiler A7
Zil vun der Petitioun: Gudde Moien,
Ech hätt einfach just eng Iddi déi ech op dësem Wee wéilt weiderginn.
Problem : de Stau all Moies op der A7
Léisungs-Virschlag:
1. Bau vun engem P+R direkt beim Rond-Point Lorentzweiler op der Intersectioun A7/N7.
D’Autoen aus dem Norden fueren Ausfahrt Lorentweiler eraus an direkt op den P+R. Keen Zäitverloscht.
2. Direkt Buslinn fir : (Mierscher Gare) - Rond-Point Lorentzweiler - d’Gare routière Luxexpo (Tram) all 6-10 Minuten
1 Bus = 50 Autoe manner déi am Tunnel stinn.
Bus kéint op der A7 och Standspuer benotzen.
Öffentlechen Transport méi attraktiv a méi schnell wéi den Auto bedeit dass méi Leit emklannen op den öffentlechen Transport.
3. Deplacement vun der Gare vu Luerentzweiler bei den P+R an den Agank vun der Localitéit (manner Nuisancen fir d’Awunner)
Kompletten Pôle d’échange Lorentzweiler bauen.
Exclusiv fir Schnellzuch Lorentzweiler bis Arrêt « Pfaffenthal-Kirchberg Gare » an „Gare centrale“ de Luxembourg.
= méi Kapazitéit op der Streck = méi Schnellzich méiglech
Finanzement duerch d’Bebauen vum aktuellen Areal vun der Lorentzweiler Gare. Mix Wunnungen Commerce am Zentrum vun der Localitéit a manner Verkéier an Autoen a Pollutioun
4. Bau vun enger Trams Linn lanscht enger Velospiste op der N7. (Well kee Bummelzuch méi fiert mee just Schnellzich fir méi attraktiv ze sinn a méi Kapazitéit op der Zuchlinn ze hunn)
Trams Linn vum P+R Lorentzweiler bis den Arrêt Pfaffenthal „Halte CFL“. Lift erop bis Arrêt « Pfaffenthal-Kirchberg Gare » an Funiculaire erop bis op de Kirchbierg (Ubannung Tram Uelzechtdall – Stater Tram).