Ëffentlech n°1767

Petitionnär/in: Sacha André

Fir eng partiell Ouverture vum Horesca Secteur

Zil vun der Petitioun

Eng partiell Ouverture vum Horesca Secteur

Motivatioun vun der Petitioun

Den Horesca-Secteur muss säit Méint seng Dieren zouloossen. Trotz enger Verbesserung vun der Situatioun, sollen se elo weider zoubleiwen. Et kann een am Respekt vun allen Mesuren de Secteur partiell erëm opmaachen, wat och fir vill Betriber wichteg wäert sinn, dass se net an d’Faillite ... méi

ofgelaf  24.03.2021
330 /4.500
7%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
18.05.2021

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
12.05.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1767 ass den 12-05-2021 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

01.04.2021

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

31.03.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1767 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 31-03-2021 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 330

25.03.2021

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1767 z'ënnerschreiwen ass den 25-03-2021 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 330

11.02.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1767 ka vum 11-02-2021 un ënnerschriwwe ginn

10.02.2021

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

09.02.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1767 gouf den 09-02-2021 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 11-02-2021 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 24-03-2021 um 23h59

09.02.2021

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 09-02-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1767 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

22.01.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1767 gouf den 22-01-2021 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir eng partiell Ouverture vum Horesca Secteur

Zil vun der Petitioun: Eng partiell Ouverture vum Horesca Secteur

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Den Horesca-Secteur muss säit Méint seng Dieren zouloossen. Trotz enger Verbesserung vun der Situatioun, sollen se elo weider zoubleiwen. Et kann een am Respekt vun allen Mesuren de Secteur partiell erëm opmaachen, wat och fir vill Betriber wichteg wäert sinn, dass se net an d’Faillite falen. En partiellt Opmaachen géif bedeiten, dass een am Stot an engem Restaurant kënnt zesummen iessen. Wuelwessend, dass et do en administrativen Opwand gëtt, kann dat och kontrolléiert ginn. Mat enger composition de ménage an der carte d’identité kinnt een beleeën, dass een aus engem Stot kennt.Zudeem sollt et erlaabt sinn, dass een 2 weider Leit aus engem Stot kënnt invitéieren ewéi bei sech Heem. Mat dëser Ëmsetzung wier de Risiko sech unzestiechen net méi héich wéi elo mat allen Mesuren bei sech doheem! Wann Dëscher ofgetrennt sinn an/oder en Ofstand vun 2Meter besteet,sinn déi weider Mesuren agehalen an den Infektiounsrisiko wier immens minimal. Parallel dozou kann een natierlech fir all Plaz eng Héchstzuel vun Visiteure definéieren, wéi dat och schonns an den grandes surfaces de Fall ass. Mat enger partieller Ouverture misst och de Staat net esou héich Hellefstellungen opbréngen, wéi dat elo bei enger kompletter Fermeture, wou just den Take-Away erlaabt ass, de Fall ass. Dëst géif Restaurants an hier Aarbechter ënnerstëtzen an och an deem secteur géifen déi nämlecht Secherheetsmesuren gellen wéi an aneren Secteuren.