Ëffentlech n°1734

Petitionnär/in: Sacha André

Fir en nationalen Feierdag fir d'Enn vun der Pandémie mat kulturelle Fester ze feieren

Zil vun der Petitioun

D'Pandemie huet d'ganz Welt laang am Otem gehalen. Méintelaang gouf zum Schutz vun der Gesellschaft opgeruff fir sozial Kontakter  ze reduzéieren. Op engem eemolegen nationalen Feierdag kënnt een engersäits den Verstuerwenen vun dir laanger Pandemie gedenken an et kënnt een awer och e ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Den Zesummenhalt an der Gesellschaft gëtt gefërdert an en Bewosstsinn dass mir all en Deel vun der Léisung sinn, respektiv waren. D'Kultur kënnt promouvéiert ginn. Och wann näischt all Ausfäll ka kompenséieren,kënnt en Restart der Kultur en groussen Déngscht erweisen. En Zeeche vun ... méi

ofgelaf  29.01.2021
48 /4.500
1%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
02.04.2021

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
31.03.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1734 ass den 31-03-2021 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

25.02.2021

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

24.02.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1734 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 24-02-2021 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 48

24.02.2021

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 48

30.01.2021

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1734 z'ënnerschreiwen ass den 30-01-2021 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 48

19.12.2020

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1734 ka vum 19-12-2020 un ënnerschriwwe ginn

18.12.2020

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

18.12.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1734 gouf den 18-12-2020 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 19-12-2020 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 29-01-2021 um 23h59

18.12.2020

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 18-12-2020 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1734 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

15.12.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1734 gouf den 15-12-2020 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir en nationalen Feierdag fir d'Enn vun der Pandémie mat kulturelle Fester ze feieren

Zil vun der Petitioun: D'Pandemie huet d'ganz Welt laang am Otem gehalen. Méintelaang gouf zum Schutz vun der Gesellschaft opgeruff fir sozial Kontakter  ze reduzéieren. Op engem eemolegen nationalen Feierdag kënnt een engersäits den Verstuerwenen vun dir laanger Pandemie gedenken an et kënnt een awer och e soziaalt kulturellt Fest am ganzen Land feieren.

 

D'Kultur, eis Kënschtler, Museker an Museksveräiner hunn enorm ënnert dëser Kris gelidden. Esou en Festdag géif et allen Bierger erméiglechen kollektiv un kulturellen Manifestatiounen deelzehuelen. Et wier eng Revalorisatioun vun der gesamter Kultur zu Lëtzebuerg.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Den Zesummenhalt an der Gesellschaft gëtt gefërdert an en Bewosstsinn dass mir all en Deel vun der Léisung sinn, respektiv waren.

 

D'Kultur kënnt promouvéiert ginn. Och wann näischt all Ausfäll ka kompenséieren,kënnt en Restart der Kultur en groussen Déngscht erweisen.

 

En Zeeche vun nationaler Verbonnenheet, net nëmmen an dëser Pandemie, mee kee weess wat Zukunft bréngt an et kann ëmmer erëm eppes geschéien, wou esou en Zesummenhalt wichteg ass.

 

En Zeeche vu Merci un d'ganzt Vollek wat an dëser Zäit sech roueg verhalen huet a Restriktioune méi oder wéineger akzeptéiert huet.