Public n°1734

Petitioner: Sacha André

Fir en nationalen Feierdag fir d'Enn vun der Pandémie mat kulturelle Fester ze feieren

Purpose of the petition

D'Pandemie huet d'ganz Welt laang am Otem gehalen. Méintelaang gouf zum Schutz vun der Gesellschaft opgeruff fir sozial Kontakter  ze reduzéieren. Op engem eemolegen nationalen Feierdag kënnt een engersäits den Verstuerwenen vun dir laanger Pandemie gedenken an et kënnt een awer och e ... more

Reasons for the petition

Den Zesummenhalt an der Gesellschaft gëtt gefërdert an en Bewosstsinn dass mir all en Deel vun der Léisung sinn, respektiv waren. D'Kultur kënnt promouvéiert ginn. Och wann näischt all Ausfäll ka kompenséieren,kënnt en Restart der Kultur en groussen Déngscht erweisen. En Zeeche vun ... more

ended  29.01.2021
48 /4.500
1%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
02.04.2021

Closing statement

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
31.03.2021

The public petition n°1734 is closed on 31-03-2021

Reason for closure: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

25.02.2021

Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition

24.02.2021

The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°1734, on 24-02-02021 - Number of signatures after validation: 48

24.02.2021

Validated electronic signatures: 48

30.01.2021

The period for signing the public petition n°. 1734 is closed on 30-01-2021 - Number of electronic signatures before validation: 48

19.12.2020

The public petition n°1734 is open for signature, on 19-12-2020

18.12.2020

Statement of admissibility

18.12.2020

The public petition n°1734 is declared admissible by the Conference of Presidents on 18-12-2020

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 19-12-2020 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 29-01-2021 at 11:59 p.m.

18.12.2020

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 1734, on 18-12-2020

Opinion of the Committee on Petitions: positive

15.12.2020

The petition public n°1734 is submitted the 15-12-2020

Title of the petition: Fir en nationalen Feierdag fir d'Enn vun der Pandémie mat kulturelle Fester ze feieren

Aim of the petition: D'Pandemie huet d'ganz Welt laang am Otem gehalen. Méintelaang gouf zum Schutz vun der Gesellschaft opgeruff fir sozial Kontakter  ze reduzéieren. Op engem eemolegen nationalen Feierdag kënnt een engersäits den Verstuerwenen vun dir laanger Pandemie gedenken an et kënnt een awer och e soziaalt kulturellt Fest am ganzen Land feieren.

 

D'Kultur, eis Kënschtler, Museker an Museksveräiner hunn enorm ënnert dëser Kris gelidden. Esou en Festdag géif et allen Bierger erméiglechen kollektiv un kulturellen Manifestatiounen deelzehuelen. Et wier eng Revalorisatioun vun der gesamter Kultur zu Lëtzebuerg.

 

Motivation of the general interest of the petition: Den Zesummenhalt an der Gesellschaft gëtt gefërdert an en Bewosstsinn dass mir all en Deel vun der Léisung sinn, respektiv waren.

 

D'Kultur kënnt promouvéiert ginn. Och wann näischt all Ausfäll ka kompenséieren,kënnt en Restart der Kultur en groussen Déngscht erweisen.

 

En Zeeche vun nationaler Verbonnenheet, net nëmmen an dëser Pandemie, mee kee weess wat Zukunft bréngt an et kann ëmmer erëm eppes geschéien, wou esou en Zesummenhalt wichteg ass.

 

En Zeeche vu Merci un d'ganzt Vollek wat an dëser Zäit sech roueg verhalen huet a Restriktioune méi oder wéineger akzeptéiert huet.