Ëffentlech n°1394

Petitionnär/in: Franky Gilbertz

Fir eng national Initiative d'Bushaisercher mat enger Daachbegrünung auszestatten

Zil vun der Petitioun

Mer wëssen entretemps all, dass mer eisem Planéit hëllefe musse fir d'Zukunft vun eis als Spezies selwer ze iwwerliewen. Et geet net drëms permanent Panik ze verbreeden, mä mat konkrete Virschléi weider ze hëllefen. Duerch gezillten Aktioune kënne mer dozou bäidroen der Biodiversitéit eng ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Dës Petitioun soll d’Politik opfuerderen sech positiv fir dës Iddi auszedrécken an deemno ee klenge revolutionäre Schratt anzelaude wéi d'Bushaisercher am Land an d'Zukunft kënnen ausgesinn. D‘Beien, de Bommelen a vill aner Insekten (déi och maassgeeblech un der Bestëbsung bedeelegt sinn, ... méi

ofgelaf  28.11.2019
194 /4.500
4%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
09.01.2020

Deklaratioun vun der Cloture

08.01.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1394 ass den 08-01-2020 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

06.12.2019

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

04.12.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1394 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 04-12-2019 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 194

04.12.2019

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 194

29.11.2019

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1394 z'ënnerschreiwen ass den 29-11-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 195

18.10.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1394 ka vum 18-10-2019 un ënnerschriwwe ginn

17.10.2019

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

17.10.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1394 gouf den 17-10-2019 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 18-10-2019 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 28-11-2019 um 23h59

16.10.2019

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 16-10-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1394 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

27.09.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1394 gouf den 27-09-2019 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir eng national Initiative d'Bushaisercher mat enger Daachbegrünung auszestatten

Zil vun der Petitioun: Mer wëssen entretemps all, dass mer eisem Planéit hëllefe musse fir d'Zukunft vun eis als Spezies selwer ze iwwerliewen. Et geet net drëms permanent Panik ze verbreeden, mä mat konkrete Virschléi weider ze hëllefen. Duerch gezillten Aktioune kënne mer dozou bäidroen der Biodiversitéit eng reell Chance ze ginn och an d'Zukunft villfälteg ze bleiwen.

Mer mussen eis bewosst si wat mer maachen. An haut d'Weiche fir muer leeën ass ëmsou méi wichteg, well mer duerch Bäiträg aus internationale Studie Fakten erausschiele kënnen an deemno ganz geziilt agéiere kënnen. Esou ass et zum Beispill kee Geheimnis méi, dass d'Beie fir eis als Mënschen enorm wichteg sinn. Si sinn ee Vektor fir de Fortgang vum Liewen tout court.

Deelweis gi schonn eis Schoulkanner geléiert den Ëmgang mat de Beien ze beherrschen an ze wësse wéi wichteg dat kleng Liewewiese fir d'Natur, spréch d'Flora an d'Fauna ass.

No baussen hin muss also deem nach een drop geluecht gi fir dass och de grand public weess, dass de Beie muss gehollef ginn. Dofir sinn ech der Meenung, dass mer eis um Beispill vun der hollännescher Staat Utrecht orientéiere sollen an eng étude de faisabilité solle lancéiere fir eis Bushaisercher (aubettes) am Land (do wou et méiglech ass) mat enger Daachbegrünung, déi speziell de Beien eng Nahrungsquell (vu fréi bis spéit am Joer) bitt.

Mer wëssen, dass der Maachbarkeet vun esou Projeten haut keng Grenze méi gesat sinn an d'Iddie villfälteg sinn. Nieft dem Ubidde vu Nahrung un d'Beien, kënnen d'Daachbegrünunge vu Bushaisercher dem Mënsch zousätzlech Elementer liwweren: si spenden een Deel Schiet wann et waarm dobaussen ass, si kënnen d'Klima ënner dem Bushaischen also e bësse reegelen, si sinn eng Aart Filter fir d’Loft (well se een Deel vum „Knascht“ aus der Loft opfänken) a si kënnen een Deel vum Reewaasser sënnvoll späicheren, nämlech fir d'Gréngs, dat um Bushaische wiisst a geplanzt ass.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Dës Petitioun soll d’Politik opfuerderen sech positiv fir dës Iddi auszedrécken an deemno ee klenge revolutionäre Schratt anzelaude wéi d'Bushaisercher am Land an d'Zukunft kënnen ausgesinn.

D‘Beien, de Bommelen a vill aner Insekten (déi och maassgeeblech un der Bestëbsung bedeelegt sinn, ergo och mat dofir verantwortlech sinn, dass Uebst a Geméis wiisst) - a last but not least d‘Natur (Flora a Fauna) – seet eis schonns am Viraus ee grousse Merci.

Mer hunn eist eegent Liewe selwer an der Hand. Mä grad esou hu mer (leider) och d'Liewe vun de Beien, Bommelen an aneren Insekten an der Hand, déi en revanche eist Liewen op eng gewëssen Aart a Weis an der Hand hunn. Hëllefe mer hinnen elo net duerch kleng geziilten Aktioun wéi dës Iddi mat der Daachbegrünung vun de Bushaisercher, stierwen se aus, well se fréi oder spéit keng Nahrungsquelle méi hunn. An domadder läsche mer eis no a no selwer aus. Well mer wëssen all zegutt: keng Beien, Bommelen an aner Insekte méi, dat heescht keng Bestëbsung vun de Bléie méi, déi absolut noutwenneg ass fir dass Uebst a Geméis ka wuessen, also iergendwann och kee Mënscheliewe méi. A ass an eisem Intressi eise fläissege Frënn ze hëllefen. Si hëllefen eis am Alldag. Also si mer verflicht hinnen och ze hëllefe wa mer eis net selwer ausrotte wëllen. D'Zäit leeft!