Public n°1394

Petitioner: Franky Gilbertz

Fir eng national Initiative d'Bushaisercher mat enger Daachbegrünung auszestatten

Purpose of the petition

Mer wëssen entretemps all, dass mer eisem Planéit hëllefe musse fir d'Zukunft vun eis als Spezies selwer ze iwwerliewen. Et geet net drëms permanent Panik ze verbreeden, mä mat konkrete Virschléi weider ze hëllefen. Duerch gezillten Aktioune kënne mer dozou bäidroen der Biodiversitéit eng ... more

Reasons for the petition

Dës Petitioun soll d’Politik opfuerderen sech positiv fir dës Iddi auszedrécken an deemno ee klenge revolutionäre Schratt anzelaude wéi d'Bushaisercher am Land an d'Zukunft kënnen ausgesinn. D‘Beien, de Bommelen a vill aner Insekten (déi och maassgeeblech un der Bestëbsung bedeelegt sinn, ... more

ended  28.11.2019
194 /4.500
4%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
09.01.2020

Closing statement

08.01.2020

The public petition n°1394 is closed on 08-01-2020

Reason for closure: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

06.12.2019

Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition

04.12.2019

The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°1394, on 04-12-02019 - Number of signatures after validation: 194

04.12.2019

Validated electronic signatures: 194

29.11.2019

The period for signing the public petition n°. 1394 is closed on 29-11-2019 - Number of electronic signatures before validation: 195

18.10.2019

The public petition n°1394 is open for signature, on 18-10-2019

17.10.2019

Statement of admissibility

17.10.2019

The public petition n°1394 is declared admissible by the Conference of Presidents on 17-10-2019

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 18-10-2019 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 28-11-2019 at 11:59 p.m.

16.10.2019

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 1394, on 16-10-2019

Opinion of the Committee on Petitions: positive

27.09.2019

The petition public n°1394 is submitted the 27-09-2019

Title of the petition: Fir eng national Initiative d'Bushaisercher mat enger Daachbegrünung auszestatten

Aim of the petition: Mer wëssen entretemps all, dass mer eisem Planéit hëllefe musse fir d'Zukunft vun eis als Spezies selwer ze iwwerliewen. Et geet net drëms permanent Panik ze verbreeden, mä mat konkrete Virschléi weider ze hëllefen. Duerch gezillten Aktioune kënne mer dozou bäidroen der Biodiversitéit eng reell Chance ze ginn och an d'Zukunft villfälteg ze bleiwen.

Mer mussen eis bewosst si wat mer maachen. An haut d'Weiche fir muer leeën ass ëmsou méi wichteg, well mer duerch Bäiträg aus internationale Studie Fakten erausschiele kënnen an deemno ganz geziilt agéiere kënnen. Esou ass et zum Beispill kee Geheimnis méi, dass d'Beie fir eis als Mënschen enorm wichteg sinn. Si sinn ee Vektor fir de Fortgang vum Liewen tout court.

Deelweis gi schonn eis Schoulkanner geléiert den Ëmgang mat de Beien ze beherrschen an ze wësse wéi wichteg dat kleng Liewewiese fir d'Natur, spréch d'Flora an d'Fauna ass.

No baussen hin muss also deem nach een drop geluecht gi fir dass och de grand public weess, dass de Beie muss gehollef ginn. Dofir sinn ech der Meenung, dass mer eis um Beispill vun der hollännescher Staat Utrecht orientéiere sollen an eng étude de faisabilité solle lancéiere fir eis Bushaisercher (aubettes) am Land (do wou et méiglech ass) mat enger Daachbegrünung, déi speziell de Beien eng Nahrungsquell (vu fréi bis spéit am Joer) bitt.

Mer wëssen, dass der Maachbarkeet vun esou Projeten haut keng Grenze méi gesat sinn an d'Iddie villfälteg sinn. Nieft dem Ubidde vu Nahrung un d'Beien, kënnen d'Daachbegrünunge vu Bushaisercher dem Mënsch zousätzlech Elementer liwweren: si spenden een Deel Schiet wann et waarm dobaussen ass, si kënnen d'Klima ënner dem Bushaischen also e bësse reegelen, si sinn eng Aart Filter fir d’Loft (well se een Deel vum „Knascht“ aus der Loft opfänken) a si kënnen een Deel vum Reewaasser sënnvoll späicheren, nämlech fir d'Gréngs, dat um Bushaische wiisst a geplanzt ass.

Motivation of the general interest of the petition: Dës Petitioun soll d’Politik opfuerderen sech positiv fir dës Iddi auszedrécken an deemno ee klenge revolutionäre Schratt anzelaude wéi d'Bushaisercher am Land an d'Zukunft kënnen ausgesinn.

D‘Beien, de Bommelen a vill aner Insekten (déi och maassgeeblech un der Bestëbsung bedeelegt sinn, ergo och mat dofir verantwortlech sinn, dass Uebst a Geméis wiisst) - a last but not least d‘Natur (Flora a Fauna) – seet eis schonns am Viraus ee grousse Merci.

Mer hunn eist eegent Liewe selwer an der Hand. Mä grad esou hu mer (leider) och d'Liewe vun de Beien, Bommelen an aneren Insekten an der Hand, déi en revanche eist Liewen op eng gewëssen Aart a Weis an der Hand hunn. Hëllefe mer hinnen elo net duerch kleng geziilten Aktioun wéi dës Iddi mat der Daachbegrünung vun de Bushaisercher, stierwen se aus, well se fréi oder spéit keng Nahrungsquelle méi hunn. An domadder läsche mer eis no a no selwer aus. Well mer wëssen all zegutt: keng Beien, Bommelen an aner Insekte méi, dat heescht keng Bestëbsung vun de Bléie méi, déi absolut noutwenneg ass fir dass Uebst a Geméis ka wuessen, also iergendwann och kee Mënscheliewe méi. A ass an eisem Intressi eise fläissege Frënn ze hëllefen. Si hëllefen eis am Alldag. Also si mer verflicht hinnen och ze hëllefe wa mer eis net selwer ausrotte wëllen. D'Zäit leeft!