Petitionär/in: Thierry Palgen
Verbindlech Gemengen a Nationalreferenden / Référendums communaux et nationaux contraignants / Verbindliche kommunale und nationale Referenden
Ziel der Petition
D'Zil vun dëser Petitioun ass fir d'Gemengen- an Nationalreferenden rechtlech verbindlech fir déi betraffe Gremien (Gemengerot, Chamber vun den Deputéierten, Regierungsrot) ze maachen. De Fakt dass dës Ofstëmmungen momentan net verbindlech sinn stellt de Prinzip vun der Demokratie a Fro. Zwar ginn d'Bierger ëm hier Meenung gefrot, an nawell kënnen déi Gewielten maachen wéi si wëllen. Domadder hätt de Referendum keng Dosinnsberechtegung. Et stellt sech och d'Fro vum Gläichgewiicht tëschent de Bierger an de Gewielten. Wéi kann et sinn dass d'Bierger mussen d'Meenung (Gesetzer) vun den Gewielten akzeptéieren, an dës awer net d'Meenung vun de Bierger? Schliisslech kruten déi Gewielten d'Vertrauen vun de Bierger zur Verfügung gestallt. Duerch déi net verbindlech Referenden kënnen déi Gewielten dat Vertrauen an engem onausgeglachenem Muechtverhältnis ausnotzen.
Beweggründe für die Petition
Dat gemeinsamt Wuelbefannen ass doduercher motivéiert dass mat enger géigesäiteger Verbindlechkeet vun de Meenungen, d'Vertrauen dat déi Gewielte kréien net kann als Muecht ausgenotzt ginn. Doduercher dass de Bierger hier Meenung gefrot an respektéiert gëtt, ginn se och motivéiert fir un de politeschen Entscheedungen deel ze huelen.
Verlauf dieser Petition
Eine Stellungnahme betreffend die einfache Petition Nr. 1425 liegt vor, am 27-05-2020
Minister: Monsieur Xavier Bettel, Premier ministre, Ministre d'Etat
Eine Stellungnahme wurde am 30-01-2020 betreffend die einfache Petition Nr. 1425 angefragt
Minister: Monsieur Xavier Bettel, Premier ministre, Ministre d'Etat