Petitionär/in: Pia Klein
Eng blo Luucht fir d'Dokteren déi op ee Noutfall fuere mussen
Ziel der Petition
Eng blo Luucht fir d’Dokteren, déi op een Noutfall fuere mussen. Dacks kann et daueren, besonnesch am ländleche Raum, bis de SAMU op enger Plaz ukënnt, wou een Akzident geschitt ass oder een anere Noutfall agetraff ass (Häerzinfarkt, Harespelsstéch, …). Oft gëtt dann den Dokter aus der Noperschaft geruff, dee séier versicht fir op der Plaz ze sinn a kucke muss, duerch den Trafic ze kommen. Dofir ass et essentiell fir enger gewëssener Zuel vun Dokteren eng blo Luucht zur Verfügung ze stellen, déi si just am Noutfall asetzen däerfen, sou wéi dat zum Beispill an Éisträich de Fall ass. An deem Sënn ass et noutwendeg de Code de la route punktuell ze änneren, fir de Patienten am Noutfall schnellstméiglech zur Hëllef ze kommen.
Beweggründe für die Petition
Jidfereen kann mol an en Noutfall kommen, an dann wier en frouh wann daat am Gesetz geännert wier.
Verlauf dieser Petition
Die einfache Petition Nr. 1045 wurde am 16-10-2019 abgeschlossen
Begründung der Beendigung: Prise de position gouvernementale restée sans suite
Weiterleitung der Stellungnahme der Regierung an den Autor der Petition
Eine Stellungnahme betreffend die einfache Petition Nr. 1045 liegt vor, am 12-06-2019
Minister: Monsieur François Bausch, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics
Eine Stellungnahme wurde am 11-01-2019 betreffend die einfache Petition Nr. 1045 angefragt
Minister: Monsieur François Bausch, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics