Petitionär/in: Jean-Paul Rischard
Fir eis Demokratie an eis Constitutioun op fest Féiss ze stellen brauche mir eng 2/3 Majoritéit an der Chamber fir all Gesetz wat Aschränkungen vun eise constitutionnelle Rechter virgesäit, grad wéi och fir d´Ausruffe vum nationalen Noutstand
Ziel der Petition
Ofsécheren vun eiser Demokratie an eise constitutionnelle Rechter
Beweggründe für die Petition
All Awunner vu Lëtzebuerg misst de Sënn an de Wäert vun eiser Constitutioun bekannt an helleg sinn. A jiddereen weess och dass fir eng Ännerung vun eiser Constitutioun eng 2/3 Majoritéit an der Chamber erfuerderlech ass. An dat ass och richteg esou. Dofir däerf et och net sinn dass an der Chamber eis constitutionnell Fräiheeten déi jo mat enger 2/3 Majoritéit musse gestëmmt ginn, duerch e Gesetz mat enger einfacher Majoritéit ausgehiéwelt kënne ginn. Dat ass ëmsou méi wichteg wou kee weess wat sech an Zukunft an der politescher Parteielandschaft nach deet. Ugeholl et ging zu Lëtzebuerg eng AfD-ähnlech Partei un d´Rudder kommen, da wier et ze spéit fir dës Ännerung vun der Constitutioun virzehuelen, mat alle Risiken an Consequenzen déi dat ging mat sech bréngen! Dofir muss een zousätzlechen Artikel/Paragraf an der Constitutioun virschreiwen dass all Gesetz/Mossnahm déi eist Grondgesetz oder eis constitutionnell Fräiheeten aschränkt, och muss duerch eng 2/3 Majoritéit an der Chamber ofgeseent ginn. Et därf also an Zukunft net méi méiglech sinn dass esou ee Gesetz eis Chamber mat enger einfacher Majoritéit passéiert. Domat ass eis Constitutioun an eis Demokratie ofgeséchert ! Wann esou ee Gesetz onbedéngt néideg ass, a wann d´Majoritéit den Deputéierten all Fakten offen op den Dësch leet, an d´Grënn an d 'Nécessitéit vun dëse Moossnahmen offensichtlech sinn, ass och kee Probleem fir an der Chamber eng 2/3 Majoritéit ze erreechen, wéi dat jo och am Fréijoer de Fall war wéi den „Etat de Crise“ ausgeruff ginn ass. Dat hätt och nach de Virdeel, dass wann e Gesetz vun der breeder Majoritéit an der Chamber gedroe gëtt, d´Acceptanz fir esou e Gesetz an der Bevölkerung ging zouhuelen an d´Kritik ofhuelen, an och verhënneren dass de Bierger den Androck kriet dass mir eis a Richtung Diktatur bewegen.
Verlauf dieser Petition
Die einfache Petition Nr. 1729 wurde am 17-11-2021 abgeschlossen
Begründung der Beendigung: Prise de position gouvernementale restée sans suite
Weiterleitung der Stellungnahme der Regierung an den Autor der Petition
Eine Stellungnahme betreffend die einfache Petition Nr. 1729 liegt vor, am 02-06-2021
Minister: Monsieur Xavier Bettel, Premier ministre, Ministre d'Etat
Eine Stellungnahme wurde am 23-04-2021 betreffend die einfache Petition Nr. 1729 angefragt
Minister: Monsieur Xavier Bettel, Premier ministre, Ministre d'Etat