Einfache n°730

Petitionär/in: Jean Heuschling

Fir eng steierlech Entlaaschtung vun den Elengerzéier/innen (familles monoparentales)

Ziel der Petition

Vis-à-vis vun enger Koppel gëtt eng „famille monoparentale" vill ze héich besteiert Ech fuerderen 1. Upassung vun de Steiertabellen vun der Steierklass 1a-monoparentale un d’Steierklass 2 2. Ofkoppelung vum „crédit d'impôt monoparental“ (CIM) vum Montant vun den Alimenter 3. Ersetzen vun zousätzlechen Abattementer fir „Familles monoparentales“ duerch méi effektiv Steiererliichterungen, z.B duerch d’Erhéige vum CIM 4. Méiglechkeet ze wielen, a wat fir enger Steierklass een déi éischt 3 Joer no der Scheedung besteiert gëtt.

Beweggründe für die Petition

Steiergerechtegkeet soll et an alle Situatiounen an an alle Steierklasse ginn. 1. Upassung vun de Steiertabellen vun der Steierklass 1a-monoparentale un d’Steierklass 2 Aus de Steiertabellen 2016 geet ervir, dat Elengerzéier/innen (Papp oder Mamm) (famille monoparentale, classe d'impôt 1a) bis zu duebel sou vill Steieren wéi eng bestuete/gepacste Koppel bezuelen. No der Steierreform 2017 gëtt den Ënnerscheet zum Deel nach méi grouss, trotz Abattementer a CIM, well d'Steierklass 2 zum Deel méi entlaascht gët wéi d'Steierklass 1a Beispill: En/g Elengerzéier/in bezuelt bei 50.000€ Brutoakommes 4.463€ Steieren, eng Koppel nëmmen 371€. 2. De „crédit d'impôt monoparental“ (CIM) dierf net un d'Alimenter gekoppelt sinn, fir dat jiddwer Elengerzéier/in dovu ka profitéieren. De CIM soll Elengerzéier/innen finanziell entlaaschten. Je no Montant vun den Alimenter fir d'Kanner kann de CIM awer op 0,00€ erofgoen. De CIM bedréit no der Reform zwëschen 750€ a 1.500€ d'Joer, jee no Akommes, falls en net duerch d'Alimenter ganz ewegfällt. Dat ass net gerecht vis-à-vis vun enger Koppel mat 2 Akommes, well Si ka vun engem Abattement extra-professionnel vun 4.500€ profitéieren, ouni Récksiicht op d'Héicht vum Akommes. Doduerch huet eng Koppel bis zu duebel sou héich Steieravantagen wéi eng „Famille monoparentale“. 3. D'Abattementer fir „Familles monoparentales“ sollten duerch méi effektiv Steiererliichterungen ersat gin, well Abattementer deene Leit zegutt kommen, déi en héicht Akommes hunn. Koppelen ouni Kanner déi zu 2 schaffe gin, kënnen ouni Problemer vun den Abattementer profitéieren, während Familles monoparentales sech oft keng zousätzlech Ausgabe (Botzhëllef, Zousazpensioun...) leeschten kënnen, fir vun den Abattementer ze profitéieren. D'Iddi vun der Steierklass 2 ass jo, fir d'Famillen finanziell ze entlaaschten. Elengerzéier/inner mat engem oder méi Kanner sinn och eng Famill, gin awer net als Famill unerkannt a falen an d'Steierklass 1a. Si bezuele vill méi Steieren, zum Deel souguer souvill, dat hier Netto-Akommes inklusiv Kannergeld méi niddereg ass, wéi bei enger Koppel ouni Kanner. Firwat soll en Elengerzéier als Famill mat engem oder méi Kanner vill méi Steieren bezuele wéi eng Koppel ouni Kanner. Eng Nobesserung fir d'Familles monoparentales muss ausgeschafft ginn, fir dat Gerechtegkeet an alle Gehälterklassen eng Realitéit ass. 4. Et ass wichteg dat ee wiele kann, a wat fir enger Steierklass een déi éischt 3 Joer no der Scheedung besteiert gët, well an den ennëschte Gehaltsklassen grouss Ënnerscheeder an de Steiertabelle sinn, a well en/g Elengerzéier/in déi 3 éischt Joer no der Scheedung/Trennung net vun de Viirdeeler vun der Steierklass 1a-monoparentale profitéiere kann.

Diese öffentliche Petition hat keine 4.500 Unterschrifen gesammelt. Auf Antrag des Urhebers wurde sie in eine einfache Petition umgewandet. Öffentliche Petition anzeigen.

Verlauf dieser Petition

Icon process
10.03.2017

Die einfache Petition Nr. 730 wurde am 10-03-2017 abgeschlossen

Begründung der Beendigung: Suite à la deuxième prise de position gouvernementale

24.02.2017

Eine Stellungnahme betreffend die einfache Petition Nr. 730 liegt vor, am 24-02-2017

Minister:

06.02.2017

Eine Stellungnahme wurde am 06-02-2017 betreffend die einfache Petition Nr. 730 angefragt

Minister:

Demande de prise de position au Ministre des Finances et transmission au pétitionnaire Demande de prise de position au Ministre des Finances et transmission au pétitionnaire
30.01.2017

Eine Stellungnahme betreffend die einfache Petition Nr. 730 liegt vor, am 30-01-2017

15.12.2016

Weiterleitung an den Autor der Petition

13.12.2016

Eine Stellungnahme betreffend die einfache Petition Nr. 730 liegt vor, am 13-12-2016

Minister:

13.12.2016

Umstufung der öffentlichen Petition Nr. 730, welche das Quorum von 4500 Unterschriften verfehlt hat, zur einfachen Petition am 13-12-2016