Petitionär/in: André Bigelbach
GÉINT MOBIL A FIX RADAREN!
Ziel der Petition
An engem Moment wou am Ausland de Sënn vu fixen, awer och vu mobile Radaren ëmmer méi a Fro gestallt gëtt (machines à fric, moderne Wegelagerei), wëll den Nohaltegkeetsministär dës ëmstridden Iwwerwaachungs- a Repressiounsinstrumenter elo och dem Verkéier hei zu Lëtzebuerg opzwéngen.- Wa jiddereen permanent fäerte muss, an eng Radarfal ze tappen, da féiert dat zu méi Stress, méi Ierger an domat zu méi Onsécherheet am Verkéier. Doniewent kënnt een enormen finanziellen a bürokrateschen Opwand op eist klengt Land duer, dee kloer disproportional ass zum gewënschten "Angscht-Effekt".- Wär et net besser, wann den Nohaltegkeetsministär déi geplangten 15 Milliounen Euro an d'Ofséchere vu Plazen investéire giff, wou heefeg Accidenter virkommen?- Lëtzebuerg brauch keng nei Radaren, mä eng nei, a virun allem intelligent Präventiounspolitik!
Verlauf dieser Petition
Weiterleitung der Stellungnahme der Regierung und Beendigungsanfrage
Eine Stellungnahme betreffend die einfache Petition Nr. 383 liegt vor, am 04-02-2015
Minister: Monsieur François Bausch, Ministre du Développement durable et des Infrastructures
Information an den Autor der Petition betreffend die Umstufung der öffentlichen Petition in eine einfache Petition
Eine Stellungnahme wurde am 30-07-2014 betreffend die einfache Petition Nr. 383 angefragt
Minister: Monsieur François Bausch, Ministre du Développement durable et des Infrastructures