Öffentliche n°989

Petitionär/in: Daniel CAO

Fir d'Erhale vun der Gebléishal vun der fréierer ARBED Belval (VOIR VERSION ETENDUE)

Ziel der Petition

D'Amicale des hauts-fourneaux "A" et "B" fuerdert schonns zanter méi wéi 10 Joer dass d’'ebléis- an Dynamogebaier (bekannt als Gebléishal) vun der Belvaler Schmelz erhale ginn. Mär wëllen duerch eng gréisstméiglech Sammlung vun Ënnerschrëften aus der Bevëlkerung d‘Erhaale vun der Integralitéit vun deene Gebaier an deene nach bestoenden Anlagendeeler erreechen. D'Ofrappen muss à tout prix verhënnert ginn. Mat der Petitioun wëllen d’Petitionnairen erreechen dass d'Diskussioun och an der Ëffentlechkeet gefouert gëtt an dass d'Regierung déi Gebaier ënner Denkmalschutz stellt an hinnen d'Méiglechkeet gëtt neie Bestëmmungen zougefouert ze ginn.

Beweggründe für die Petition

Fir déi grouss Adolf-Emil-Hütte (haut ArcelorMittal Belval) mat Elektrizitéit a waarm Loft z'alimentéieren gëtt ëm 1910/1911 op Belval eng grouss Gebléishal vun 160 Meter Längt, 72 Meter Breet an 28 Meter Héicht gebaut. Dat imposant Gebai ass haut dee leschte Produktiounssite aus der Ufankszäit vun der Belvaler Schmelz. Den industriehistorëschen Wäert vun den Halen, hier Gréisst, hier Lag an der Industrielandschaft hei am Süden musse fir d'Nowelt erhale bleiwen an däerfe net urbanistesche Fehlplanungen zum Affer falen! D'Amicale des haut-fourneaux huet d'Méiglechkeeten vun enger sënnvoller Notzung vun deenen Halen déi och der Allgemengheet géingen déngen ënnerstrach. D’Schafen a Gestalte vu Bürosraum, d’Organisatioun vu groussen Ausstellungen, d’Amenagéieren vun Ofstellraim fir d'Uni, d’Zesummendroen an Opstellen vu groussen Archiven, Versammlungsraim, géingen deen allgeméngnëtzlëche Charakter vun deenen Halen ënnersträichen. D’Iddee vun deem geplangten a ni realiséierten „Centre National de la Culture Industrielle“ ass a verschiddenen Aarbechtsgruppe weiderentwéckelt ginn. Zu Belval sollt den Zentrum vun engem dezentral organiséierte Reseau vu Kooperatioun tëscht de villen Instituter a Strukturen, déi sech mat Industriekultur zu Lëtzebuerg beschäftegen, entstoen. Als Beispill vun Notzung déi scho stattfonnt huet kann een déi grouss Ausstellung "All we need " déi zum Thema Nohaltegkeet an der Gebléishal organiséiert gouf an zu engem absoluten Highlight vun der Kulturhaaptstad 2007 gouf. Am Programm vun der aktueller Regierung konnt jiddereen 2013 dat heite liesen: "L'aménagement du site des Rotondes sera achevé et d'autres projets (comme par exemple les Ardoisières de Martelange ou la Halle des Soufflantes de Belval) seront relancés." Déi Responsabel vun der nächster Lëtzebuerger Kulturhaaptstad, Esch 2022, hunn de Projet Gebléishal relancéiert net nëmme fir do zentral Ausstellungen z'organiséieren, mä fir d'Raimlechkeeten fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zur Verfügung ze stellen, fir Kreatioun, am Kader vun engem Remix Culture Club an doriwwer eraus eng nohalteg Strategie fir d'Notzung vun der Hal no 2022 auszeschaffen. Wéi een am „Bidbook“ vun Esch 2022 ka noliesen: “…/…Its location, but also its structure and its size, make the Halle des Soufflantes a central venue for us…/… We have worked out a sustainable strategy for the hall and we have a feasibility study, however, the decision about restoring the building has yet to be made.“ Do kéinten zum Beispill de Fonds Belval, de Kulturministère, d'Escher Gemeng, ProSud, d'Uni, d'Fondation Bassin minier, ArcelorMittal, fréier Aarbechter, Acteure vun der Industriekultur a Kulturschaffend mat Hëllef vun Architekten d'Käpp zesumme strecken fir en nohaltegt Konzept fir d’Notzung vun der Gebléishal och no 2022 auszeschaffen.Fir datt en eenzegaartege Site am fréieren Noerhuelungsgebitt vun der Escher Populatioun endlech nees un déi zeréckfält, deenen e gehéiert. An dat ass d'Allgemengheet !

Diese öffentliche Petition hat keine 4.500 Unterschrifen gesammelt. Auf Antrag des Urhebers wurde sie in eine einfache Petition umgewandet. Einfache Petition anzeigen.
abgelaufen  05.06.2018
1076 /4.500
24%
gesammelte Unterschriften

Verlauf dieser Petition

Icon process
31.07.2018

Umstufung der öffentlichen Petition, welche das Quorum von 4500 Unterschriften verfehlt hat, zur einfachen Petition Nr. 989 am 31-07-2018

02.07.2018

Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition

21.06.2018

Gültige Online-Unterschriften: 1076

21.06.2018

Die öffentliche Petition Nr. 989 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 21-06-2018 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 1076

06.06.2018

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 989 ist am 06-06-2018 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 1078

24.04.2018

Die öffentliche Petition Nr. 989 kann ab dem 24-04-2018 unterschrieben werden

23.04.2018

Zulässigkeitsbescheid

19.04.2018

Die öffentliche Petition Nr. 989 wurde am 19-04-2018 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 24-04-2018 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 05-06-2018 um 23:59

16.04.2018

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 16-04-2018 betreffend die Petition Nr. 989 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

27.03.2018

Die öffentliche Petition Nr. 989 wurde am 27-03-2018 eingereicht.

Titel der Petition: Fir d’Erhale vun der Gebléishal vun der fréierer ARBED Belval

 

(VOIR VERSION ETENDUE)

Ziel der Petition: D'Amicale des hauts-fourneaux "A" et "B" fuerdert schonns zanter méi wéi 10 Joer dass d’'ebléis- an Dynamogebaier (bekannt als Gebléishal) vun der Belvaler Schmelz erhale ginn. Mär wëllen duerch eng gréisstméiglech Sammlung vun Ënnerschrëften aus der Bevëlkerung d‘Erhaale vun der Integralitéit vun deene Gebaier an deene nach bestoenden Anlagendeeler erreechen. D'Ofrappen muss à tout prix verhënnert ginn.

Mat der Petitioun wëllen d’Petitionnairen erreechen dass d'Diskussioun och an der Ëffentlechkeet gefouert gëtt an dass d'Regierung déi Gebaier ënner Denkmalschutz stellt an hinnen d'Méiglechkeet gëtt neie Bestëmmungen zougefouert ze ginn.

 

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: Fir déi grouss Adolf-Emil-Hütte (haut ArcelorMittal Belval) mat Elektrizitéit a waarm Loft z'alimentéieren gëtt ëm 1910/1911 op Belval eng grouss Gebléishal vun 160 Meter Längt, 72 Meter Breet an 28 Meter Héicht gebaut. Dat imposant Gebai ass haut dee leschte Produktiounssite aus der Ufankszäit vun der Belvaler Schmelz. Den industriehistorëschen Wäert vun den Halen, hier Gréisst, hier Lag an der Industrielandschaft hei am Süden musse fir d'Nowelt erhale bleiwen an däerfe net urbanistesche Fehlplanungen zum Affer falen! D'Amicale des haut-fourneaux huet d'Méiglechkeeten vun enger sënnvoller Notzung vun deenen Halen déi och der Allgemengheet géingen déngen ënnerstrach. D’Schafen a Gestalte vu Bürosraum, d’Organisatioun vu groussen Ausstellungen, d’Amenagéieren vun Ofstellraim fir d'Uni, d’Zesummendroen an Opstellen vu groussen Archiven, Versammlungsraim, géingen deen allgeméngnëtzlëche Charakter vun deenen Halen ënnersträichen. D’Iddee vun deem geplangten a ni realiséierten „Centre National de la Culture Industrielle“ ass a verschiddenen Aarbechtsgruppe weiderentwéckelt ginn. Zu Belval sollt den Zentrum vun engem dezentral organiséierte Reseau vu Kooperatioun tëscht de villen Instituter a Strukturen, déi sech mat Industriekultur zu Lëtzebuerg beschäftegen, entstoen. Als Beispill vun Notzung déi scho stattfonnt huet kann een déi grouss Ausstellung "All we need " déi zum Thema Nohaltegkeet an der Gebléishal organiséiert gouf an zu engem absoluten Highlight vun der Kulturhaaptstad 2007 gouf. Am Programm vun der aktueller Regierung konnt jiddereen 2013 dat heite liesen: "L'aménagement du site des Rotondes sera achevé et d'autres projets (comme par exemple les Ardoisières de Martelange ou la Halle des Soufflantes de Belval) seront relancés." Déi Responsabel vun der nächster Lëtzebuerger Kulturhaaptstad, Esch 2022, hunn de Projet Gebléishal relancéiert net nëmme fir do zentral Ausstellungen z'organiséieren, mä fir d'Raimlechkeeten fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zur Verfügung ze stellen, fir Kreatioun, am Kader vun engem Remix Culture Club an doriwwer eraus eng nohalteg Strategie fir d'Notzung vun der Hal no 2022 auszeschaffen. Wéi een am „Bidbook“ vun Esch 2022 ka noliesen: “…/…Its location, but also its structure and its size, make the Halle des Soufflantes a central venue for us…/… We have worked out a sustainable strategy for the hall and we have a feasibility study, however, the decision about restoring the building has yet to be made.“ Do kéinten zum Beispill de Fonds Belval, de Kulturministère, d'Escher Gemeng, ProSud, d'Uni, d'Fondation Bassin minier, ArcelorMittal, fréier Aarbechter, Acteure vun der Industriekultur a Kulturschaffend mat Hëllef vun Architekten d'Käpp zesumme strecken fir en nohaltegt Konzept fir d’Notzung vun der Gebléishal och no 2022 auszeschaffen.Fir datt en eenzegaartege Site am fréieren Noerhuelungsgebitt vun der Escher P