Petitionär/in: Romy Karier
Fir eng sécher an direkt Verkéiersubannung vun der N10 un d’N7 zu Maarnich beim Geschäftszenter
Ziel der Petition
Nodeems scho puermol schwéier Accidenter op der Kräizung N7/N10 geschitt sinn, soll d’Verkéierssécherheet vun der N7 op d’N10 erhéicht ginn. Et soll eng onmëssverständlech Verkéiersféierung geschaaft ginn, ouni Linksabbieger, ouni onnéideg Ëmweeër an domat ouni onéideg vill Verkéier duerch d’Uertschaft. Déi nei Verkéierssituatioun soll: - d’Konfliktpotential N7/N10 erofsetzen duerch eng onkomplizéiert an onmëssverständlech Verkéiersféierung (z.B. duerch ee Giratoire an deem eng Frontalkollisioun kaum nach méiglech ass) - duerch direkt a kuerz Weeër d’Falschfueren ënnerbannen (keng onnéideg Deviatiounen, wéi z.B. haut wou een 2,8 km Ëmwee muss fueren, wann een aus dem Geschäftszenter iwwer d'N7 a Richtung Housen wëllt fueren) - d‘Vitesse vum Verkéier vun der Kräizung N7/N10 esou adaptéieren, dass d’Foussgänger op der N10 sëcher kënnen d’Strooss passéieren (hei kommen d’Autoen oft ze schnell vun der N7 op d’N10 an et koum schon ëfters zu enger kritescher Situatioun um Foussgängeriwwergank) - keen N7-Verkéier an d‘Uertschaft zéien (méiglechst wéineg Verkéier iwwer d’Bombatsch). Vermeiden vun Schwéiergefierer op den Ofbéiungen N18/ Bombatsch an N18/ N7 (dëst sinn zwou Kéieren vun iwwer 140° déi e Camion nëmme mat vill Zäit- a Platzopwand ka fueren)
Beweggründe für die Petition
D’Kräizung N7/N10 huet eng iwwerregional Bedeitung an engem CDA-r (centre de développement et d’attraction régional). Si ass d’Ubannung ënner anerem vun de Gemengen Cliärref, Wëntger, Kiischpelt, a Wolz un d’N7. Iwwer dës Kräizung gëtt eng grouss Aktivitéitszone un d’N7 ugebonn. Dës Kräizung brauch eng méi héich Verkéierssécherheet.
Verlauf dieser Petition
Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition
Die öffentliche Petition Nr. 1301 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 18-09-2019 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 388
Gültige Papier- Unterschriften: 80
Gültige Online-Unterschriften: 308
Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 1301 ist am 02-08-2019 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 308
Die öffentliche Petition Nr. 1301 kann ab dem 21-06-2019 unterschrieben werden
Zulässigkeitsbescheid
Die öffentliche Petition Nr. 1301 wurde am 20-06-2019 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt
Zulässigkeit : zulässig
Beginn der Unterschriftsphase : 21-06-2019 um 0:00
Ende der Unterschriftsphase : 02-08-2019 um 23:59
Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 19-06-2019 betreffend die Petition Nr. 1301 fällt positiv aus
Gutachten des Petitionsausschusses : positiv
Die öffentliche Petition Nr. 1301 wurde am 03-06-2019 eingereicht.
Titel der Petition: Fir eng sécher an direkt Verkéiersubannung vun der N10 un d’N7 zu Maarnich beim Geschäftszenter
Ziel der Petition: Nodeems scho puermol schwéier Accidenter op der Kräizung N7/N10 geschitt sinn, soll d’Verkéierssécherheet vun der N7 op d’N10 erhéicht ginn. Et soll eng onmëssverständlech Verkéiersféierung geschaaft ginn, ouni Linksabbieger, ouni onnéideg Ëmweeër an domat ouni onéideg vill Verkéier duerch d’Uertschaft.
Déi nei Verkéierssituatioun soll:
- d’Konfliktpotential N7/N10 erofsetzen duerch eng onkomplizéiert an onmëssverständlech Verkéiersféierung (z.B. duerch ee Giratoire an deem eng Frontalkollisioun kaum nach méiglech ass)
- duerch direkt a kuerz Weeër d’Falschfueren ënnerbannen (keng onnéideg Deviatiounen, wéi z.B. haut wou een 2,8 km Ëmwee muss fueren, wann een aus dem Geschäftszenter iwwer d'N7 a Richtung Housen wëllt fueren)
- d‘Vitesse vum Verkéier vun der Kräizung N7/N10 esou adaptéieren, dass d’Foussgänger op der N10 sëcher kënnen d’Strooss passéieren (hei kommen d’Autoen oft ze schnell vun der N7 op d’N10 an et koum schon ëfters zu enger kritescher Situatioun um Foussgängeriwwergank)
- keen N7-Verkéier an d‘Uertschaft zéien (méiglechst wéineg Verkéier iwwer d’Bombatsch). Vermeiden vun Schwéiergefierer op den Ofbéiungen N18/ Bombatsch an N18/ N7 (dëst sinn zwou Kéieren vun iwwer 140° déi e Camion nëmme mat vill Zäit- a Platzopwand ka fueren)
Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: D’Kräizung N7/N10 huet eng iwwerregional Bedeitung an engem CDA-r (centre de développement et d’attraction régional). Si ass d’Ubannung ënner anerem vun de Gemengen Cliärref, Wëntger, Kiischpelt, a Wolz un d’N7. Iwwer dës Kräizung gëtt eng grouss Aktivitéitszone un d’N7 ugebonn. Dës Kräizung brauch eng méi héich Verkéierssécherheet.