Petitionär/in: Philippe LEMAIRE
Méi Sécherheet op de Stroossen
Ziel der Petition
Leitplanken viru Beem oder Beem ewechmaachen laanscht Stroossen - fir manner Doudeger am Verkéier Et geet an der genannter Petitioun ganz kloer dorëm, Doudeger an Verletzer op den Stroossen ze vermeiden andeems ee Beem laanscht d'Strooss ouni Leitplank virdrun net toleréiert. Dëst ass eendeiteg am nationalen Interesse well ongeféier 40-50 Leit all Joer op eise Stroosse stierwen oder verletzt ginn an dat net zulescht doduerch, datt se vun der Strooss ofkommen an an e Bam rennen. Ech kennen perséinlech Leit, déi sou gestuerwe sinn oder sou uerg verletzt goufen. Beem gi bekanntlech net no an wann se direkt laanscht d'Strooss stinn stellen se en considérabelt Sécherheetsrisiko fir Autofuerer duer. Ech ginn souguer nach méi wäit a behaapten, datt Beem direkt laanscht d'Strooss am héchste Moos idiotesch sinn. Dowéinst sollt ee Beem direkt laanscht d'Strooss entweder ofmaachen an enzwousch anescht nei Beem planzen oder systematesch eng Leitplank viru Beem stellen an dofir steet des Petitioun.
Verlauf dieser Petition
Weiterleitung der Stellungnahme der Regierung und Beendigungsanfrage
Eine Stellungnahme betreffend die einfache Petition Nr. 357 liegt vor, am 04-02-2015
Erinnerungsschreiben
Eine Stellungnahme wurde am 22-07-2014 betreffend die einfache Petition Nr. 357 angefragt
Minister: Monsieur François Bausch, Ministre du Développement durable et des Infrastructures