Öffentliche n°1729

Petitionär/in: Jean-Paul Rischard

Fir eis Demokratie an eis Constitutioun op fest Féiss ze stellen brauche mir eng 2/3 Majoritéit an der Chamber fir all Gesetz wat Aschränkungen vun eise constitutionnelle Rechter virgesäit, grad wéi och fir d´Ausruffe vum nationalen Noutstand

Ziel der Petition

Ofsécheren vun eiser Demokratie an eise constitutionnelle Rechter

Beweggründe für die Petition

All Awunner vu Lëtzebuerg misst de Sënn an de Wäert vun eiser Constitutioun bekannt an helleg sinn. A jiddereen weess och dass fir eng Ännerung vun eiser Constitutioun eng 2/3 Majoritéit an der Chamber erfuerderlech ass. An dat ass och richteg esou. Dofir däerf et och net sinn dass an der Chamber eis constitutionnell Fräiheeten déi jo mat enger 2/3 Majoritéit musse gestëmmt ginn, duerch e Gesetz mat enger einfacher Majoritéit ausgehiéwelt kënne ginn. Dat ass ëmsou méi wichteg wou kee weess wat sech an Zukunft an der politescher Parteielandschaft nach deet. Ugeholl et ging zu Lëtzebuerg eng AfD-ähnlech Partei un d´Rudder kommen, da wier et ze spéit fir dës Ännerung vun der Constitutioun virzehuelen, mat alle Risiken an Consequenzen déi dat ging mat sech bréngen! Dofir muss een zousätzlechen Artikel/Paragraf an der Constitutioun virschreiwen dass all Gesetz/Mossnahm déi eist Grondgesetz oder eis constitutionnell Fräiheeten aschränkt, och muss duerch eng 2/3 Majoritéit an der Chamber ofgeseent ginn. Et därf also an Zukunft net méi méiglech sinn dass esou ee Gesetz eis Chamber mat enger einfacher Majoritéit passéiert. Domat ass eis Constitutioun an eis Demokratie ofgeséchert ! Wann esou ee Gesetz onbedéngt néideg ass, a wann d´Majoritéit den Deputéierten all Fakten offen op den Dësch leet, an d´Grënn an d 'Nécessitéit vun dëse Moossnahmen offensichtlech sinn, ass och kee Probleem fir an der Chamber eng 2/3 Majoritéit ze erreechen, wéi dat jo och am Fréijoer de Fall war wéi den „Etat de Crise“ ausgeruff ginn ass. Dat hätt och nach de Virdeel, dass wann e Gesetz vun der breeder Majoritéit an der Chamber gedroe gëtt, d´Acceptanz fir esou e Gesetz an der Bevölkerung ging zouhuelen an d´Kritik ofhuelen, an och verhënneren dass de Bierger den Androck kriet dass mir eis a Richtung Diktatur bewegen.

Diese öffentliche Petition hat keine 4.500 Unterschrifen gesammelt. Auf Antrag des Urhebers wurde sie in eine einfache Petition umgewandet. Einfache Petition anzeigen.
abgelaufen  25.02.2021
202 /4.500
5%
gesammelte Unterschriften

Verlauf dieser Petition

Icon process
21.04.2021

Umstufung der öffentlichen Petition, welche das Quorum von 4500 Unterschriften verfehlt hat, zur einfachen Petition Nr. 1729 am 21-04-2021

18.03.2021

Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition

17.03.2021

Die öffentliche Petition Nr. 1729 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 17-03-2021 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 202

17.03.2021

Gültige Online-Unterschriften: 202

26.02.2021

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 1729 ist am 26-02-2021 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 202

15.01.2021

Die öffentliche Petition Nr. 1729 kann ab dem 15-01-2021 unterschrieben werden

15.01.2021

Démarrage de la période de signature

14.01.2021

Zulässigkeitsbescheid

14.01.2021

Die öffentliche Petition Nr. 1729 wurde am 14-01-2021 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 15-01-2021 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 25-02-2021 um 23:59

13.01.2021

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 13-01-2021 betreffend die Petition Nr. 1729 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

09.12.2020

Die öffentliche Petition Nr. 1729 wurde am 09-12-2020 eingereicht.

Titel der Petition: Fir eis Demokratie an eis Constitutioun op fest Féiss ze stellen brauche mir eng 2/3 Majoritéit an der Chamber fir all Gesetz wat Aschränkungen vun eise constitutionnelle Rechter virgesäit, grad wéi och fir d´Ausruffe vum nationalen Noutstand

Ziel der Petition: Ofsécheren vun eiser Demokratie an eise constitutionnelle Rechter

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: All Awunner vu Lëtzebuerg misst de Sënn an de Wäert vun eiser Constitutioun bekannt an helleg sinn. A jiddereen weess och dass fir eng Ännerung vun eiser Constitutioun eng 2/3 Majoritéit an der Chamber erfuerderlech ass. An dat ass och richteg esou.

Dofir däerf et och net sinn dass an der Chamber eis constitutionnell Fräiheeten déi jo mat enger 2/3 Majoritéit musse gestëmmt ginn, duerch e Gesetz mat enger einfacher Majoritéit ausgehiéwelt kënne ginn. Dat ass ëmsou méi wichteg wou kee weess wat sech an Zukunft an der politescher Parteielandschaft nach deet. Ugeholl et ging zu Lëtzebuerg eng AfD-ähnlech Partei un d´Rudder kommen, da wier et ze spéit fir dës Ännerung vun der Constitutioun virzehuelen, mat alle Risiken an Consequenzen déi dat ging mat sech bréngen!

Dofir muss een zousätzlechen Artikel/Paragraf an der Constitutioun virschreiwen dass all Gesetz/Mossnahm déi eist Grondgesetz oder eis constitutionnell Fräiheeten aschränkt, och muss duerch eng 2/3 Majoritéit an der Chamber ofgeseent ginn. Et därf also an Zukunft net méi méiglech sinn dass esou ee Gesetz eis Chamber mat enger einfacher Majoritéit passéiert. Domat ass eis Constitutioun an eis Demokratie ofgeséchert !

Wann esou ee Gesetz onbedéngt néideg ass, a wann d´Majoritéit den Deputéierten all Fakten offen op den Dësch leet, an d´Grënn an d 'Nécessitéit vun dëse Moossnahmen offensichtlech sinn, ass och kee Probleem fir an der Chamber eng 2/3 Majoritéit ze erreechen, wéi dat jo och am Fréijoer de Fall war wéi den „Etat de Crise“ ausgeruff ginn ass. Dat hätt och nach de Virdeel, dass wann e Gesetz vun der breeder Majoritéit an der Chamber gedroe gëtt, d´Acceptanz fir esou e Gesetz an der Bevölkerung ging zouhuelen an d´Kritik ofhuelen, an och verhënneren dass de Bierger den Androck kriet dass mir eis a Richtung Diktatur bewegen.