Petitionär/in: Romy Karier
Fir eng sécher an direkt Verkéiersubannung vun der N10 un d’N7 zu Maarnich beim Geschäftszenter
Ziel der Petition
Nodeems scho puermol schwéier Accidenter op der Kräizung N7/N10 geschitt sinn, soll d’Verkéierssécherheet vun der N7 op d’N10 erhéicht ginn. Et soll eng onmëssverständlech Verkéiersféierung geschaaft ginn, ouni Linksabbieger, ouni onnéideg Ëmweeër an domat ouni onéideg vill Verkéier duerch d’Uertschaft. Déi nei Verkéierssituatioun soll: - d’Konfliktpotential N7/N10 erofsetzen duerch eng onkomplizéiert an onmëssverständlech Verkéiersféierung (z.B. duerch ee Giratoire an deem eng Frontalkollisioun kaum nach méiglech ass) - duerch direkt a kuerz Weeër d’Falschfueren ënnerbannen (keng onnéideg Deviatiounen, wéi z.B. haut wou een 2,8 km Ëmwee muss fueren, wann een aus dem Geschäftszenter iwwer d'N7 a Richtung Housen wëllt fueren) - d‘Vitesse vum Verkéier vun der Kräizung N7/N10 esou adaptéieren, dass d’Foussgänger op der N10 sëcher kënnen d’Strooss passéieren (hei kommen d’Autoen oft ze schnell vun der N7 op d’N10 an et koum schon ëfters zu enger kritescher Situatioun um Foussgängeriwwergank) - keen N7-Verkéier an d‘Uertschaft zéien (méiglechst wéineg Verkéier iwwer d’Bombatsch). Vermeiden vun Schwéiergefierer op den Ofbéiungen N18/ Bombatsch an N18/ N7 (dëst sinn zwou Kéieren vun iwwer 140° déi e Camion nëmme mat vill Zäit- a Platzopwand ka fueren)
Beweggründe für die Petition
D’Kräizung N7/N10 huet eng iwwerregional Bedeitung an engem CDA-r (centre de développement et d’attraction régional). Si ass d’Ubannung ënner anerem vun de Gemengen Cliärref, Wëntger, Kiischpelt, a Wolz un d’N7. Iwwer dës Kräizung gëtt eng grouss Aktivitéitszone un d’N7 ugebonn. Dës Kräizung brauch eng méi héich Verkéierssécherheet.
Verlauf dieser Petition
Die einfache Petition Nr. 1301 wurde am 27-05-2020 abgeschlossen
Begründung der Beendigung: prise de position ministérielle sans réaction de la part du pétitionnaire
Weiterleitung der Stellungnahme der Regierung an den Autor der Petition
Eine Stellungnahme betreffend die einfache Petition Nr. 1301 liegt vor, am 27-01-2020
Minister: Monsieur François Bausch, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics
Eine Stellungnahme wurde am 17-10-2019 betreffend die einfache Petition Nr. 1301 angefragt
Minister: Monsieur François Bausch, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics