Petitionnär/in: Joé Schmit
Entkrimininaliseiren vun Drogen
Zil vun der Petitioun
D'Zil vun der Petitioun soll et sin, fir d'Drogen vun aller Art ze entkriminaliseiren. Cannabis as jo schon fir medizinesch Zwecker erlaabt gin. Lo sollen och aner Drogen wei Heroin, Kokain,... entkriminaliseiert gin.
Motivatioun vun der Petitioun
Drogen sämtlecher Aart sollen entkriminaliseiert gin. Well jiddereen deen Drogen brauch, fënnt et um Schwaarzmaart (zum Beispill am Garer Quartier an der Stadt). Problematik hanner der ganzer Saach as, dass dat eng Goldgrouf as fir d'Drogendealer an et dreit net grad zum Wuelbefannen am Garer ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3403 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 15-01-2025 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 22
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 3403 z'ënnerschreiwen ass den 06-12-2024 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 22
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 22
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3403 ka vum 25-10-2024 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3403 gouf den 24-10-2024 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 25-10-2024 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 05-12-2024 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 23-10-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3403 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3403 gouf den 15-10-2024 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Entkrimininaliseiren vun Drogen
Zil vun der Petitioun: D'Zil vun der Petitioun soll et sin, fir d'Drogen vun aller Art ze entkriminaliseiren. Cannabis as jo schon fir medizinesch Zwecker erlaabt gin. Lo sollen och aner Drogen wei Heroin, Kokain,... entkriminaliseiert gin.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Drogen sämtlecher Aart sollen entkriminaliseiert gin. Well jiddereen deen Drogen brauch, fënnt et um Schwaarzmaart (zum Beispill am Garer Quartier an der Stadt). Problematik hanner der ganzer Saach as, dass dat eng Goldgrouf as fir d'Drogendealer an et dreit net grad zum Wuelbefannen am Garer Quartier bäi. Duerfir as d'Iddi hannert deser Petitioun fir dass jiddereen deen Heroin, Kokain,... a sou weider brauch, propper Wuer kann konsummeiren an enger geschützter Struktur, wann meiglech enner Obsicht vun Fleegepersonal an op Ordonnance vun engem Dokter. Et geif just drem goen fir d'Kosummenten net weider ze bestrofen. D'Drogendealer sollen dofir em sou mei haart bestroft gin dei dann wellen weiderhin illegal Geschäfter machen. Police hätt manner Arbescht am Kampf geint Drogendelikter an et keint och zu enger Entlaaschtung vun den Cliniquen feiren.