Einfach n°3053

Petitionnär/in: Sandra Merenne

Keng Redukioun vum "Congé parental" a vum "Congé pour raisons familiales", fir allengerzéienden Elteren wann een Elterendeel stierft

Zil vun der Petitioun

Zil vun dëser Petitioun ass et, dass Kanner, déi een Elterendeel verléieren, net zousätzlech vum Gesetz gestrooft ginn, andeems se wäertvoll Zäit mat hiren Eltere verléieren, respektiv just hallef sou oft "däerfen" krank ginn, wéi Kanner, déi nach béid Elterendeeler hunn. Am Fall wou een ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Vun engem Dag op deen ass d'Liewen anescht, an et muss een sech Gedanke maachen, iwwer Saachen, fir déi een an där Situatioun guer kee Kapp huet. Et steet ee beemol eleng do mat sengem klenge Kand, et huet ee vun engem Moment op deen anere säi Partner verluer a lo muss een sech iwwerleeën, ... méi

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Ëffentlech Petitioun uweisen.

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
08.07.2024

Eng Stellungsnam ass den 08-07-2024 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 3053 ugefrot ginn

Minister(en): Monsieur Max Hahn, Ministre de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil

03.07.2024

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun Nr. 3053, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an eng ordinär Petitioun den 03-07-2024