Petitionnär/in: Kevin Krier
Éischt Hëllef
Zil vun der Petitioun
De But vun dëser Petitioun ass et dass jiddereen ab deem Punkt wou en den Führerschäin mécht och verflicht ass e klengen Éischt Hëllefs Cours ze maachen, deen aus der Basis vun enger Réanimatioun an aus der Éischtversuergung vu klenge Verletzungen.
Motivatioun vun der Petitioun
Jiddereen dee mobil mat engem Auto ennerwee ass kann Zeie vun engem Accident sinn. Dofir ass et wichteg dass déi Leit och wëssen, wat een als Ersthelfer kann alles maachen. Deemno wei schro den Accident ass zielt all Sekonn fir ze handelen sou dass dann och d'Iwwerliewenschance klëmmt. Ënner ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
D'ëffentlech Petitioun Nr. 947 ass den 29-05-2018 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: pas de poursuite de l'instruction
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 262
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 947 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 16-04-2018 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 262
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 947 z'ënnerschreiwen ass den 02-04-2018 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 265
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 947 z'ënnerschreiwen ass den 09-03-2018 bis den 01-04-2018 verlängert ginn
Neie Schlussdatum vun der Kollekt vun Ënnerschrëften: 01-04-2018
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 947 ka vum 16-02-2018 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 947 gouf den 13-02-2018 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 16-02-2018 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 30-03-2018 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 08-02-2018 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 947 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 947 gouf den 23-01-2018 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Éischt Hëllef
Zil vun der Petitioun: De But vun dëser Petitioun ass et dass jiddereen ab deem Punkt wou en den Führerschäin mécht och verflicht ass e klengen Éischt Hëllefs Cours ze maachen, deen aus der Basis vun enger Réanimatioun an aus der Éischtversuergung vu klenge Verletzungen.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Jiddereen dee mobil mat engem Auto ennerwee ass kann Zeie vun engem Accident sinn. Dofir ass et wichteg dass déi Leit och wëssen, wat een als Ersthelfer kann alles maachen. Deemno wei schro den Accident ass zielt all Sekonn fir ze handelen sou dass dann och d'Iwwerliewenschance klëmmt. Ënner anerem ass dëst och eng Méiglegkeet sech selwer méi sécher ze fillen wann een anzwouch ass wou eng Persoun Hëllef brauch. Dobäi kënnt nach dass een esou hoffentlech verhënnert dass d'Leit just niewendru stinn an nokucken, mee dass se aktiv hëllefen.