Ëffentlech n°485

Petitionnär/in: David Arlé

Fir dass Proprietären d'Immobilièreskäschten bezuelen amplaz de Locataire.

Zil vun der Petitioun

Mat dëser Pétitioun erhoffen ech mer et ze erreechen, dass wann et zu enger Locatioun vun engem Private kennt, de Proprietaire d'Agence zu 100% bezilt. Am Moment ass et jo sou dass de Locataire d'Immobilièreskäschten iwwerhëlt. Dat heescht de Locataire muss nodeems e schonn zwee bis dräi ... méi

ofgelaf  17.04.2015
119 /4.500
3%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
04.06.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 485 ass den 04-06-2015 ofgeschloss ginn

27.04.2015

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

22.04.2015

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 119

22.04.2015

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 485 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 22-04-2015 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 119

18.04.2015

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 485 z'ënnerschreiwen ass den 18-04-2015 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 119

06.03.2015

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 485 ka vum 06-03-2015 un ënnerschriwwe ginn

05.03.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 485 gouf den 05-03-2015 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 06-03-2015 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 17-04-2015 um 23h59

23.02.2015

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 23-02-2015 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 485 ass positiv

13.02.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 485 gouf den 13-02-2015 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir dass Proprietären d'Immobilièreskäschten bezuelen amplaz de Locataire.

Zil vun der Petitioun: Mat dëser Pétitioun erhoffen ech mer et ze erreechen, dass wann et zu enger Locatioun vun engem Private kennt, de Proprietaire d'Agence zu 100% bezilt. Am Moment ass et jo sou dass de Locataire d'Immobilièreskäschten iwwerhëlt. Dat heescht de Locataire muss nodeems e schonn zwee bis dräi Méint "Garantie Bancaire" bezilt, och nach Käschte vun der Immobilière bezuelen. A mengen Aen ass dat net fair. Vill Familljen oder eenzel Persounen hu Schwieregkeeten iwwerhaapt d'Suen zesummen ze kréie fir ee Loyer. Menger Meenung wier et och eng falsch Approche iergend eng Hëllef ze ginn (vum Staat). Ech ginn dovunner aus, wann ee Proprietaire säin Appartement verloune kann, kann en och Käschten iwwerhuelen

12.02.2015

Depot