Petitionnär/in: Benoit Junk
Petitioun géint Frais de Dossieren bei Krediter a Prêten
Zil vun der Petitioun
Am Kader vu Prêt- a Kreditufroen, ass et déi gängeg Praxis vu Banken an anere Geldinstituter fir Frais de Dossieren respektiv "Bearbeitungsgebühren" ze verlaangen. Dëst maachen d'Banken a Geldinstituter mam Argument, datt ee misst Aarbecht an Zäit an déi potenziell Clienten investéieren fir ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 100
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 480 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 01-04-2015 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 100
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 480 z'ënnerschreiwen ass den 28-03-2015 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 100
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 480 ka vum 13-02-2015 un ënnerschriwwe ginn
D'ëffentlech Petitioun Nr. 480 gouf den 12-02-2015 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 13-02-2015 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 27-03-2015 um 23h59
D'ëffentlech Petitioun Nr. 480 gouf den 02-02-2015 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Petitioun géint Frais de Dossieren bei Krediter a Prêten
Zil vun der Petitioun: Am Kader vu Prêt- a Kreditufroen, ass et déi gängeg Praxis vu Banken an anere Geldinstituter fir Frais de Dossieren respektiv "Bearbeitungsgebühren" ze verlaangen. Dëst maachen d'Banken a Geldinstituter mam Argument, datt ee misst Aarbecht an Zäit an déi potenziell Clienten investéieren fir deenen hir Bonitéit ze préiffen.
Lo huet awer an Däitschland de Bundes Gerichtshof entscheed, datt dës Fraisen onzoulässeg sinn, well d'Préifung vun der Bonitéit vu potenzielle Clienten am Interêt vun de Banken a Geldinstituer ass an dofir net kënnen un den Ënnclient weidergereecht ginn.
Mat dëser Petitioun soll genau sou eng Gesetzeslag a Lëtzebuerg geschafe gi mam Zousaz, datt d'Verjährung vun äelere Frais de Dossieren réicht ab 3 Joer gëllt. Et kéint een also bezuelte Frais de Dossieren réckwierkend zeréckverlaangen!
Ab wéini dës Verjährungsfrist gräiffe soll bleift dem Legislateur iwwerlooss.
Am Interêt vun den Ënnclienten an der gesamter Wirtschaftslag soll dëst Gesetz Investitiounen an domat d'Wirtschaft förderen.