Petitionnär/in: Nic Achten
Fier d'Kierzung vun den Ausgaben vun der Monarchie.
Zil vun der Petitioun
Wann eng Persoun wéi den Premierminister, Xavier Bettel, dozou opprifft, dass den Staat spueren muss an gläichzäiteg ginn awer d’Ausgaben fier den Haff héi zu Lëtzebuerg stäteg an luucht, dann ass dat fier mech e groussen Paradox. Am Joer 2000 waren fier d’Ausgaben fier d’Monarchie ongeféier ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 162
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 464 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 15-01-2015 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 162
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 464 z'ënnerschreiwen ass den 28-12-2014 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 162
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 464 z'ënnerschreiwen ass den 12-12-2014 bis den 27-12-2014 verlängert ginn
Neie Schlussdatum vun der Kollekt vun Ënnerschrëften: 27-12-2014
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 464 ka vum 14-11-2014 un ënnerschriwwe ginn
D'ëffentlech Petitioun Nr. 464 gouf den 13-11-2014 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 14-11-2014 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 26-12-2014 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 10-11-2014 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 464 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 464 gouf den 03-11-2014 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Fier d’Kierzung vun den Ausgaben vun der Monarchie.
Zil vun der Petitioun: Wann eng Persoun wéi den Premierminister, Xavier Bettel, dozou opprifft, dass den Staat spueren muss an gläichzäiteg ginn awer d’Ausgaben fier den Haff héi zu Lëtzebuerg stäteg an luucht, dann ass dat fier mech e groussen Paradox. Am Joer 2000 waren fier d’Ausgaben fier d’Monarchie ongeféier 5,6 Milliounen Euro virgesinn. Am Joer 2015 senn ganzer 9,8 Milliounen Euro dofier virgesinn. Dat ass eng Steiergung vun 4,2 Milliounen Euro oder 75 % an nemmen 15 Joer an den Trend hällt och an den kommenden Joeren nett opp. Wann Länner wéi d’Belsch an Spuenien Spuermoosnahmen un hieren Kinnegshäiser ausféieren, wisou ass dat nett héi am Land méiglech?
Außerdem kascht den Haff all Awunner opp den Kapp méi wéi 17 Euro. Wann een dat vergleicht man aaneren europäischen Monarchien, dann ass dat en immens héijen Betrag. Am Vergleich bezillt en Awunner a Spuenien fier seng Monarchie nemmen 18 Cent opp den Kapp. An Groussbritannien sinn ett 70 Cent.
Aus dessem Grond, fuerden ech eng drasteg Kierzung vun den Ausgaben vun der Monarchie héi am Land.
Ett muss een och nach dobäifügen, dass den Grand-Duc Henri an seng Famill en extremt d’Verméigen vun 4,6 Milliarden Euro oppweist an trotz deem Verméigen, kritt d'Famill nach Milliounen vum Staat dobäiausbezuelt.
"Und man staune: Laut EuroBusiness bringt es die großherzogliche Familie, die Vermögen aller Angehörigen eingeschlossen, auf insgesamt stattliche 4,655 Milliarden Euro und wird hinter der Fürstenfamilie von Liechtenstein zur zweitreichsten europäischen Monarchenfamilie."