Eng Stellungsnam ass den 17-01-2025 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 3487 ugefrot ginn
Minister(en): Madame Elisabeth Margue, Ministre déléguée auprès du Premier ministre, chargée des Relations avec le Parlement
Petitionnär/in: Gérard Koneczny
Sech de praktesche Realitéiten upassen. Am Dag huet een dee schafft kaum nach Zäit sech op e Büro ze deplacéieren. Et muss e Congé huelen fir bei en Dokter ze goen. Fir an e Geschäft ze goen, gëtt aktuell e "Gehetz" fir d'Léit. Wann alles op ass vu Moies bis Owes kënnen d'Leit sech besser ... méi
Minister(en): Madame Elisabeth Margue, Ministre déléguée auprès du Premier ministre, chargée des Relations avec le Parlement
Recevabilitéit: recevabel
Zil vun der Petitioun: Sech de praktesche Realitéiten upassen. Am Dag huet een dee schafft kaum nach Zäit sech op e Büro ze deplacéieren. Et muss e Congé huelen fir bei en Dokter ze goen. Fir an e Geschäft ze goen, gëtt aktuell e "Gehetz" fir d'Léit. Wann alles op ass vu Moies bis Owes kënnen d'Leit sech besser organiséieren wéini se wat maachen.
Et wier absolut ongerecht, wann JUST déi Léit déi an de Butteker stinn gesot kréien :"Du muss haut bis 22:00 Auer schaffen". An enger gerechter Gesellschaft muss een dat och de BürosLéit kënnen zoumudden; soss steiere mir op eng ZweeKlasseGesellschaft duer.
Et ass jo esou, dass déi Léit op de Büroen; egal op Privat oder Staat géigeniwwer deenen Aneren bevirdeelegt sinn; mindestens finanziell gesinn; awer net nëmmen. Mindestens wat d'AarbechtsZäiten betrëfft kéint een do op derselwëschter "Schinn" fueren. An engem Staat wou et eng "egalité devant la loi" gëtt soll dat méiglech sinn.
Selbstverständlech soll dat JUST ENG OPTIOUN sinn fir de Staat / Gemeng / Betrib sech esou ze organiséieren; et soll KENG OBLIGATIOUN GINN.
Bei "Fréischicht" kann een seng Komissiounen / BüroConsultatiounen / Dokter RVen ..... am Nomëtteg gemittlech erleedegen; bei "Mëttesschicht" dann alles moies.
Bei Koppelen mat Kanner kann sech besser ëm d'Kanner gekëmmert ginn. Et kann een sech esou organiséieren, dass ëmmer en ElterenDeel, op Mamm oder Papp, doheem ass a mat de Kanner eppes ënnerhëlt.
Et wie da méi Plaz an de Crèchen an an de "Maison Relaisen"; Plaz fir d'Kanner vun elengerzéienden Mammen ( oder Pappen ). D'Kand wier net mei nëmmen en "Objet" dat een ëm 7 an der Crèchë "deponéiert" an Owes ëm 7 rëm ofhëlt, heem féiert an eppes méi spéit an d'Bett leet.
Den EnergieHaushalt vun de Betriber an den Haushalter kéint besser geréiert ginn .. StroumSpëtzen kéinten verhënnert ginn.
De "Moies an Owes Kollaps" am Verkéier kéint verschwannen.
De Patron vun engem Betrib kéint sain "Espace Bureau" besser geréieren. E kéint sain Betrib esou geréieren, dass "méi Netto vum Brutto" bleift.
Ech reechen dës Petitioun als PrivatPersoun an.
Ech akzeptéieren déi allgemeng Konditiounen vun enger Petitioun