Petitionnär/in: Jeff Schwickert
Géint dat neit Gesetz iwwer den therapeutische Cannabis a fir d'Erhale vum Choix fir de Patient zwëschent dem Ueleg an de Bléien.
Zil vun der Petitioun
Ziel vun dëser Petitioun ass dass den Projet vum Cannabis médicale sou weider gefouert gëtt wei bis lo an das den Patient weider hin den choix huet zwëschen dem Ueleg an den Bléien fir dass hien dat kann huelen wat him am beschten hëlleft.
Motivatioun vun der Petitioun
Vill Patienten leiden all Dag ënner staarker Péng an Spasmen an missten dann all Dag staark Medikamenter huelen fir den Dag ze iwwerstoen an dat mat allen Niewewierkungen déi sou Medikamenter mat sech bréngen. Vill Patienten waren frou eng alternativ ze hunn déi hinnen gehollef hunn an dat ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3470 ka vum 07-02-2025 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3470 gouf den 06-02-2025 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 07-02-2025 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-03-2025 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 05-02-2025 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3470 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3470 gouf den 09-12-2024 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Géint dat neit Gesetz iwwer den therapeutische Cannabis a fir d'Erhale vum Choix fir de Patient zwëschent dem Ueleg an de Bléien.
Zil vun der Petitioun: Ziel vun dëser Petitioun ass dass den Projet vum Cannabis médicale sou weider gefouert gëtt wei bis lo an das den Patient weider hin den choix huet zwëschen dem Ueleg an den Bléien fir dass hien dat kann huelen wat him am beschten hëlleft.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Vill Patienten leiden all Dag ënner staarker Péng an Spasmen an missten dann all Dag staark Medikamenter huelen fir den Dag ze iwwerstoen an dat mat allen Niewewierkungen déi sou Medikamenter mat sech bréngen. Vill Patienten waren frou eng alternativ ze hunn déi hinnen gehollef hunn an dat ouni déi Niewewierkungen. Vill Dokteren an Spezialisten soen och dass dëst eng exzellent alternativ ass fir dem Patienten ze hëllefen. dass och bewisen dass den Ueleg net den selwechten Effekt huet wei Bléien. Duerch Anstellen vum Programm sinn Patienten penaliséiert an Verschiddener villen sech dann gedrängt dëst iwwert aner Weeër sech ze besuergen mat allen Konsequenzen déi et mat sech giff bréngen. wat och mat sech bréngt dass den Patient dann riskiert méi ze huelen wei en soll an en ass net méi vun engem Dokter suivéiert.