Eng Stellungsnam ass den 16-12-2024 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 3448 ugefrot ginn
Minister(en): Madame Elisabeth Margue, Ministre déléguée auprès du Premier ministre, chargée des Relations avec le Parlement
Petitionnär/in: Romain Reiter
Här Präsident Russland huet mat sengem Ugrëff op d’Ukraine, e souveränt UN-Memberland, géint d’Grondprinzipien an Ziler vun der UNO verstouss, déi dofir steet, Fridden an international Sécherheet ze fërderen an d’Integritéit vun de Memberstaaten ze schützen. Dëse Verstouss géint ... méi
Minister(en): Madame Elisabeth Margue, Ministre déléguée auprès du Premier ministre, chargée des Relations avec le Parlement
Recevabilitéit: recevabel
Titel vun der Petitioun: Petitioun fir d’Beschneidung vun de Rechter vu Russland am Weltsécherheetsrot
Zil vun der Petitioun: Här Präsident
Russland huet mat sengem Ugrëff op d’Ukraine, e souveränt UN-Memberland, géint d’Grondprinzipien an Ziler vun der UNO verstouss, déi dofir steet, Fridden an international Sécherheet ze fërderen an d’Integritéit vun de Memberstaaten ze schützen.
Dëse Verstouss géint d’UNO-Charta ass onbestreitbar an ënnergrueft déi fundamental Wäerter, op deene mir eis international Gemeinschaft opbauen. Et ass onhaltbar, dass e Land mat sou engem Grondverstouss seng voll Stëmmrechter am Weltsécherheetsrot behält a souguer vun engem Vetorecht profitéiert, dat all Beméiunge fir Fridden a Gerechtegkeet blockéiere kann.
Dofir soll Lëtzebuerg:
1. Aktiv unzestriewen, dass de Weltsécherheetsrot Moossnamen ënnerhëlt, fir déi voll Stëmmrechter vu Russland an dësem Gremium temporär ze beschränken.
2. Eng Initiative anzesetzen, déi Länner an de Vereenten Natiounen zesummebréngt, fir eng Revisioun vun de Reegele vum Weltsécherheetsrot virzebereeden, sou dass d Stëmmrecht an d’Vëtorecht bei sou schlëmme Verstéiss ka suspendéiert ginn.
Duerch dës Moossnamen soll d’UNO hir Prinzipien a Wäerter verdeedegen an e kloert Zeeche sëtzen, fir dat onprovozéiert Ugrëffer op anner Völker nët onbestrooft bleiwen.
Mat beschten Gréiss,