Ëffentlech n°3447

Petitionnär/in: Eric Mossong

13ten mount fier Rentner

irrecevabel

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
13.12.2024

Deklaratioun vun der Irrecevabilitéit

12.12.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3447 gouf den 12-12-2024 vun der Presidentekonferenz als irrecevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: irrecevabel

Motivatioun: Et huet sech erausgestallt, datt de Sujet vun der Ufro fir eng ëffentlech Petitioun änlech ass ewéi dee vun der ëffentlecher Petitioun 3150 – Demande d'une 13ème rente de pension annuellement, déi den 23. Abrëll 2024 deposéiert an den 13. November 2024 debattéiert gouf.

 

Deementspriechend ass d’Ufro fir eng ëffentlech Petitioun 3447 net recevabel wéinst dem Artikel 166, Paragraf 3, Alinea 2, vum Reglement vun der Chamber dee virgesäit, datt eng Petitioun déi um Site vun der Chamber deposéiert gouf, am Laf vum Joer no hirer Aféierung net erëm eragereecht ka ginn.

11.12.2024

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 11-12-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3447 ass negativ

Avis vun der Petitiounskommissioun: negativ

17.11.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3447 gouf den 17-11-2024 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: 13ten mount fier Rentner