Ëffentlech n°3309

Petitionnär/in: Alphonse (Aly) Jaerling

Matsprooch- a Vetorecht fir d'Elteren bei der schoulescher Edukatioun iwwer sexuell an menschlesch Diversitéit. Well déi Eng géint an déi Aner fir eng Edukatioun iwwer sexuell a menschlech Diversitéit sinn, an am Fall wou sech fir eng Edukatioun iwwer sexuell an menschelech Diversitéit gesetzlech entscheed sollt ginn, fuerderen ech e gesetzlecht verankert Matsproch- an Vetorecht fir d'Elteren.

irrecevabel

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
26.09.2024

Deklaratioun vun der Irrecevabilitéit

26.09.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3309 gouf den 26-09-2024 vun der Presidentekonferenz als irrecevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: irrecevabel

Motivatioun: Et huet sech erausgestallt, datt de Sujet vun der Ufro fir eng ëffentlech Petitioun änlech wéi deen vun den ëffentleche Petitiounen 3198 – Exclure les thématiques LGBT de l’éducation des mineurs. a 3281 - Développer davantage encore les thématiques LGBTQ+ et du Vivre Ensemble dans l'éducation des mineurs. ass, déi jeweils den 31. Mee an de 24. Juli 2024 deposéiert goufen.

 

Deementspriechend ass d'Ufro fir eng ëffentlech Petitioun 3309 net recevabel wéinst dem Artikel 166, Paragraf 3, Alinea 2, vum Reglement vun der Chamber dee virgesäit, datt eng Petitioun déi um Site vun der Chamber deposéiert gouf, am Laf vum Joer no hirer Aféierung net erëm eragereecht ka ginn.

25.09.2024

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 25-09-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3309 ass negativ

Avis vun der Petitiounskommissioun: negativ

03.08.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3309 gouf den 03-08-2024 deposéiert.