Ëffentlech n°3186

Petitionnär/in: Leo Fankhänel

Beschrëftung vun Uertschaftsschëlder ëmdréien: Lëtzebuergesch fir'd éischt. Ortsschilder zuerst auf LU. Town signs first in LU.

Zil vun der Petitioun

[LU] Dës Petitioun setzt sech dofir an, Lëtzebuergesch mei visibel ze maachen. Dofir fuerdere mir, dat Beschrëftung vun nei Uertschaftsschëlder ëmgedréit gëtt fir dat de Lëtzebuergeschen Uertschaftsnimm uewe stitt. Do nidder, mei kleng a kursiv, wou elo de Lëtzebuergeschen Nimm ass, soll dann ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Vill Debaten dréien sech dorëm, Lëtzebuergesch am ëffentleche Raum ze stäerken, mä et gëtt bal keng Mesure déi dat och konsequent ëmsetzen. Dëse Moossnam géif der Lëtzebuergesch Sprooch e mei héische Stellewäert ginn an d'Sprooch mei visibel am ëffentleche Raum maachen. Et ass eng kleng ... méi

17
Deeg bleiwen
158 /4.500
4%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
07.06.2024

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3186 ka vum 07-06-2024 un ënnerschriwwe ginn

06.06.2024

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

06.06.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3186 gouf den 06-06-2024 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 07-06-2024 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 18-07-2024 um 23h59

05.06.2024

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 05-06-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3186 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

21.05.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3186 gouf den 21-05-2024 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Beschrëftung vun Uertschaftsschëlder ëmdréien: Lëtzebuergesch fir'd éischt. Ortsschilder zuerst auf LU. Town signs first in LU.

Zil vun der Petitioun: [LU] Dës Petitioun setzt sech dofir an, Lëtzebuergesch mei visibel ze maachen. Dofir fuerdere mir, dat Beschrëftung vun nei Uertschaftsschëlder ëmgedréit gëtt fir dat de Lëtzebuergeschen Uertschaftsnimm uewe stitt. Do nidder, mei kleng a kursiv, wou elo de Lëtzebuergeschen Nimm ass, soll dann eng Däitsch an eng Franséisch Iwwersetzung stinn.

 

[DE] Diese Petition fordert, Luxemburgisch sichtbarer zu machen. Deshalb fordern wir, dass die Beschriftung von neuen Ortsschildern umgedreht wird und dass Luxemburgische Ortschaftsnamen oben stehen. Darunter, kleiner und in kursiv, wo jetzt der Luxemburgische Name ist, soll dann eine Deutsche und eine Französische Übersetzung stehen.

 

[EN] This petition proposes to make Luxembourgish more visible. We therefore suggest, that town signs swap the signage so that the Luxembourgish name is on top. Underneath, in smaller font and in cursive, should be a German and French translation.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Vill Debaten dréien sech dorëm, Lëtzebuergesch am ëffentleche Raum ze stäerken, mä et gëtt bal keng Mesure déi dat och konsequent ëmsetzen. Dëse Moossnam géif der Lëtzebuergesch Sprooch e mei héische Stellewäert ginn an d'Sprooch mei visibel am ëffentleche Raum maachen. Et ass eng kleng Verännerung di keng Verwirrung ausléise wäert. Well nëmmen nei Schëller geännert gi, ass dëst Virschlag och käschtenneutral.