Petitionnär/in: Anthea Jasmina Di Pietro
Fir ëffentlech Toiletten op alle Spillplazen
Zil vun der Petitioun
Zil vun deser Petitioun ass dass mir op allen Spiilplatzen öffentlech Toiletten kreien. D'Kanner mussen oft op Toilette an et ass net emmer einfach en Baam oder eng Heck ze fannen. Och mir Erwuessener mussen op Toilette an kennen net einfach hannert eng Heck goen.
Motivatioun vun der Petitioun
Als Educatrice fannen ech dass Toiletten en muss sin. Mir sin oft mat den Kanner op Spiilplatzen an maachen och en Pic Nic an sin dann laang do, d'Kanner kennen net vun moies bis mettes aushaalen. Och dei Erwuessen mussen kennen hierem Bedürfniss op Toilette ze goen noogoen. Et gin ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2915 ass den 13-03-2024 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2915 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 24-01-2024 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 189
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 189
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2915 z'ënnerschreiwen ass den 19-01-2024 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 189
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2915 ka vum 08-12-2023 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2915 gouf den 07-12-2023 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 08-12-2023 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 18-01-2024 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 06-12-2023 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2915 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2915 gouf den 05-10-2023 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Fir ëffentlech Toiletten op alle Spillplazen
Zil vun der Petitioun: Zil vun deser Petitioun ass dass mir op allen Spiilplatzen öffentlech Toiletten kreien.
D'Kanner mussen oft op Toilette an et ass net emmer einfach en Baam oder eng Heck ze fannen. Och mir Erwuessener mussen op Toilette an kennen net einfach hannert eng Heck goen.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Als Educatrice fannen ech dass Toiletten en muss sin. Mir sin oft mat den Kanner op Spiilplatzen an maachen och en Pic Nic an sin dann laang do, d'Kanner kennen net vun moies bis mettes aushaalen.
Och dei Erwuessen mussen kennen hierem Bedürfniss op Toilette ze goen noogoen.
Et gin einfach net genuch Toiletten op den Spiilplatzen