Petitionnär/in: Roger Jean Paul Braun
Fir d'Ofschafe vum Cumul vun de politesche Mandater. Een Deputéierte soll net méi och nach dierfe Buergermeeschter, Schäffen oder Conseiller sinn.
Zil vun der Petitioun
Ofschaffe vun dem Kumul vun de Politesche Mandater An dëst vun, dem Deputéierten, de Buergermeeschter bis zu dënn Schäffen an de Conseilleren aus de Gemengen. D 'Interessen firwat een asteet a gewielt ginn ass déi stoussen munch mol openaner. An dëst sinn dann schwiereg Situatiounen fir de ... méi
Motivatioun vun der Petitioun
E Cumul vu politesche Mandater verhënnert dass de Gewielten sech honnertprozenteg op eng Funktioun ka konzentréieren. Vertraue vum Wieler kréien verlaangt awer no engem kompletten a responsabelen Asaz an engem éierlechen Engagement. Mat méi Mandater kann dat schwiereg ginn, well engem ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2726 ass den 06-12-2023 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2726 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 11-10-2023 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 135
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 135
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2726 z'ënnerschreiwen ass den 23-06-2023 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 135
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2726 ka vum 12-05-2023 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2726 gouf den 11-05-2023 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 12-05-2023 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 22-06-2023 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 10-05-2023 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2726 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2726 gouf den 31-03-2023 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Fir d'Ofschafe vum Cumul vun de politesche Mandater. Een Deputéierte soll net méi och nach dierfe Buergermeeschter, Schäffen oder Conseiller sinn.
Zil vun der Petitioun: Ofschaffe vun dem Kumul vun de Politesche Mandater An dëst vun, dem Deputéierten, de Buergermeeschter bis zu dënn Schäffen an de Conseilleren aus de Gemengen.
D 'Interessen firwat een asteet a gewielt ginn ass déi stoussen munch mol openaner. An dëst sinn dann schwiereg Situatiounen fir de Gewielten.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: E Cumul vu politesche Mandater verhënnert dass de Gewielten sech honnertprozenteg op eng Funktioun ka konzentréieren. Vertraue vum Wieler kréien verlaangt awer no engem kompletten a responsabelen Asaz an engem éierlechen Engagement. Mat méi Mandater kann dat schwiereg ginn, well engem Deputéierte seng Intressien an Decisiounen u Fraktiounszwang gebonne kënne sinn oder einfach net déi vun engem Buergermeeschter sinn. An deem Sënn ass e Cumul kontraproduktiv, egal wéi, e Mandat kennt ze kuerz. An dat mécht dem Gewielten och dacks onnéideg d'Liewen an d'Aarbecht schwéier a kann e Verloscht u Credibilitéit mat sech bréngen