Petitionnär/in: Kevin Serafini
Erhéijen vun den "Extra Congésdeeg" bei engem Stierffall
Zil vun der Petitioun
Dës Petitioun proposéiert d'Zuel vun de gesetzleche Congésdeeg am Stierffall vun engem Familljemember erop ze setzen, an zwar: Fir de Partner/Mann-Fra duerch Bestietnis: vun aktuell 3 Deeg op 7 Deeg Elteren/Schwéierelteren: Kanner/Stéifkanner 1ste Grad: vun aktuell 3 Deeg op 7 Deeg ... méi
Motivatioun vun der Petitioun
Bei engem Stierffall vun engem Familljemember huet een nom Gesetz e puer extra Deeg Congé zegutt fir kënnen eng éischt Traueraarbecht ze maachen a sech em all Formalitéiten ze këmmeren. D'Erfarung weist awer, datt déi Demarchen kënne ganz komplex sinn a vill Zäit erfuerderen. Iwwer d'Joren ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2627 ass den 26-06-2023 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2627 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 10-05-2023 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 951
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 951
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2627 z'ënnerschreiwen ass den 08-04-2023 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 951
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2627 ka vum 25-02-2023 un ënnerschriwwe ginn
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2627 gouf den 24-02-2023 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 25-02-2023 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 07-04-2023 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 22-02-2023 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2627 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2627 gouf den 06-02-2023 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Erhéijen vun den "Extra Congésdeeg" bei engem Stierffall
Zil vun der Petitioun: Dës Petitioun proposéiert d'Zuel vun de gesetzleche Congésdeeg am Stierffall vun engem Familljemember erop ze setzen, an zwar:
Fir de Partner/Mann-Fra duerch Bestietnis: vun aktuell 3 Deeg op 7 Deeg
Elteren/Schwéierelteren:
Kanner/Stéifkanner 1ste Grad: vun aktuell 3 Deeg op 7 Deeg
Stéifelteren oder Familljemember 2te Grad: ewéi zb. Grousselteren , Enkelen , Brudder/Schwëster , Stéifbrudder/Stéifschwëster : vun aktuell 1 Dag op 3 Deeg
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Bei engem Stierffall vun engem Familljemember huet een nom Gesetz e puer extra Deeg Congé zegutt fir kënnen eng éischt Traueraarbecht ze maachen a sech em all Formalitéiten ze këmmeren. D'Erfarung weist awer, datt déi Demarchen kënne ganz komplex sinn a vill Zäit erfuerderen. Iwwer d'Joren sinn d'Zuel an d'Komplexitéit vun deenen administrativen Demarchen am Stierffall och net méi kleng oder méi einfach ginn, z.B. wann ee mat Banken, Assurancen an esou weider ze dinn huet. Et wär dowéinst ubruecht, d'Zuel vun deenen entspriechende Congésdeeg no uewen unzepassen."