Petitionnär/in: David de Dood
Aussetzen vun der CO2-Steier op de Pëtrolsproduiten wärend der Ukrainkris
Zil vun der Petitioun
Fir hallefweegs bezuelbar Petrolsproduien kennen op der Pompel an fir an d Heizung doheem ze kafen sollt et méiglech sinn fir d CO2 Steier wärend enger exzeptioneller Zäitraum auszesetzen fir sou kennen de Portmonnie ze schounen. Dëst soll sech allerdéngs och nëmmen op en Zäitraum beschränken ... méi
Motivatioun vun der Petitioun
Den Moment herrscht eng Kris wei se schonn laang net méi do war. D Inflatioun geet massive an d Luucht an geet nach méi erop gedriwwen duerch déi aktuell Kris an der Ukrain. An Zäiten wou et deenen meeschten gutt geet ass eng CO2 Steier sécherlech eng wichteg Saach. Lo wou d Präisser un der ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2266 ass den 05-10-2022 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2266 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 18-05-2022 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 221
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 221
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2266 z'ënnerschreiwen ass den 06-05-2022 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 221
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2266 ka vum 25-03-2022 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2266 gouf den 24-03-2022 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 25-03-2022 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 05-05-2022 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 23-03-2022 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2266 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2266 gouf den 10-03-2022 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Aussetzen vun der CO2-Steier op de Pëtrolsproduiten wärend der Ukrainkris
Zil vun der Petitioun: Fir hallefweegs bezuelbar Petrolsproduien kennen op der Pompel an fir an d Heizung doheem ze kafen sollt et méiglech sinn fir d CO2 Steier wärend enger exzeptioneller Zäitraum auszesetzen fir sou kennen de Portmonnie ze schounen. Dëst soll sech allerdéngs och nëmmen op en Zäitraum beschränken wou d Ëmstänn dat verlaangen.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Den Moment herrscht eng Kris wei se schonn laang net méi do war. D Inflatioun geet massive an d Luucht an geet nach méi erop gedriwwen duerch déi aktuell Kris an der Ukrain. An Zäiten wou et deenen meeschten gutt geet ass eng CO2 Steier sécherlech eng wichteg Saach. Lo wou d Präisser un der Pompel explodéieren kéinten déi meescht awer fir eng kuerz Zäit bestëmmt op dësen zousätzlechen Käschtefacteur verzichten.Des Petitioun huet also d Ziel fir d CO2 Steier wärend där Zäit wou de Pëtrol un der Bourse iwwerduerchschnëttlech héich gehandelt gëtt auszesetzen.