Petitionnär/in: Daniel Wiseler
Gas- an Stroumpräis Erhéijung, TVA erofsetzen oder aner Mesuren a Plaz setzen.
Zil vun der Petitioun
Eppes ënnerhuelen un Präis Erhéijung um Stroum an Gas. Direkt Hëllef vum Stat un all Bierger
Motivatioun vun der Petitioun
An dëser Petitioun Froen ech ons Regierung op, eppes se Ënnerhuelen wat dem Vollek hëlleft op deenen enorm Präis Erhéiungen um Gas an Stroum entgéint se kommen. Wann een zeréck kuckt op déi läscht 4 Méint do muss een mat Angscht feststellen dass ons Stroum an Gas Präisser explodéiert sinn. ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2212 ass den 22-06-2022 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2212 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 27-04-2022 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 771
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 771
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2212 z'ënnerschreiwen ass den 25-03-2022 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 772
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2212 ka vum 11-02-2022 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2212 gouf den 09-02-2022 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 11-02-2022 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 24-03-2022 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 09-02-2022 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2212 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2212 gouf den 25-01-2022 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Gas- an Stroumpräis Erhéijung, TVA erofsetzen oder aner Mesuren a Plaz setzen.
Zil vun der Petitioun: Eppes ënnerhuelen un Präis Erhéijung um Stroum an Gas.
Direkt Hëllef vum Stat un all Bierger
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: An dëser Petitioun Froen ech ons Regierung op, eppes se Ënnerhuelen wat dem Vollek hëlleft op deenen enorm Präis Erhéiungen um Gas an Stroum entgéint se kommen.
Wann een zeréck kuckt op déi läscht 4 Méint do muss een mat Angscht feststellen dass ons Stroum an Gas Präisser explodéiert sinn. Vill Stéit geroden ënner Aarmut se falen.
Mir all spieren dat am Porte Monnie. Vill Mënschen hunn festgestallt dass Präisser explodéiert sinn. Avancen um Stroum an Gas sinn net méi se bezuelen. Hei muss Regierung Hëllefen zemools deenen wou schonns mam Minimum Liewen. Och déi aner Mënschen wou all Mount hire Prêt zeréck bezuelen Appartement oder Haus wëssen wei schwéier et ass all Mount iwwer Ronnen se kommen
TVA erofsetzen ass eng Méiglechkeet wou all Stot eppes dovunner hutt.
Deenen Mënschen Hëllefen wou mam Minimum Liewen an déi selwecht kaschten droen eng Finanziell hëllef unzebidden, niervt der TVA.