Petitionnär/in: Luca Colling
Fakultativ Walrecht ab 16 Joer
Zil vun der Petitioun
D'Zil vun dëser Petitioun ass et nach eemol Gehéier bei eiser Politik ze areechen, soudass mat vill Chance déi Jonk ab 16 kënne wiele goen, dëst soll awer net obligatoresch sinn.
Motivatioun vun der Petitioun
Fir d'éischt well gesot sinn, dass et des Petitioun virun e puer Joer scho gouf, ma huet sech d'Situatioun an Europa geännert. Zanter dem 08. Dezember 2021 huet Däitschland eng nei Regierung, an déi well gären d'Walrecht ab 16 aféieren, ma fir wat dann net hei? Lëtzebuerg huet vill ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2149 ass den 27-04-2022 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2149 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 02-03-2022 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 175
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 175
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2149 z'ënnerschreiwen ass den 28-01-2022 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 175
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2149 ka vum 17-12-2021 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2149 gouf den 15-12-2021 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 17-12-2021 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 27-01-2022 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 14-12-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2149 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2149 gouf den 10-12-2021 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Fakultativ Walrecht ab 16 Joer
Zil vun der Petitioun: D'Zil vun dëser Petitioun ass et nach eemol Gehéier bei eiser Politik ze areechen, soudass mat vill Chance déi Jonk ab 16 kënne wiele goen, dëst soll awer net obligatoresch sinn.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Fir d'éischt well gesot sinn, dass et des Petitioun virun e puer Joer scho gouf, ma huet sech d'Situatioun an Europa geännert.
Zanter dem 08. Dezember 2021 huet Däitschland eng nei Regierung, an déi well gären d'Walrecht ab 16 aféieren, ma fir wat dann net hei?
Lëtzebuerg huet vill engagéiert Jonker, déi am Jugendparlament, de Jugendparteien an an ONG'en aktiv sinn. Amplaz d'Politik ëmmer nëmme kënnen ze kritiséiere sollen och sinn d'Méiglechkeet kréien ab 16 Joer ze wielen.
Konkret soll et awer keng Walflicht ab 16 sinn, mee eng fakultativ, dat heescht déi déi wiele wëlle goen, kënnen dat maachen, an déi déi'en net wiele wëllen, mussen dat dann och net maachen.