Einfach n°1912

Petitionnär/in: Eulecia Monteiro Gomes

Pétitioun fir een onverwiesselbaren an eenzegaartegen Fändel

Zil vun der Petitioun

Moïen, Ech sin ganz frou Iech ze kontaktéieren fir eng Saach déi mir scho laang um Häerz läit. Ech sin zu Lëtzebuerg gebuer vun kapverdianesch Elteren an hei opgewuess. Ëmmer extrem houfreg op dëst Land an ÉIWEG dankbar fir alles wat ët mir bréngt. Iwwerall wou ech higinn sin ech ... méi

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
17.12.2021

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
14.12.2021

D'einfach Petitioun Nr. 1912 ass den 14-12-2021 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Prise de position gouvernementale restée sans suite

22.09.2021

Weiderleedung vun der Stellungnahm vun der Regierung un de Petitionär

Transmission de la prise de position gouvernementale au pétitionnaire Transmission de la prise de position gouvernementale au pétitionnaire
09.09.2021

Eng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 1912 ass disponibel, den 09-09-2021

Minister(en): Monsieur Xavier Bettel, Premier ministre, Ministre d'Etat

Prise de position de Monsieur le Premier Ministre, Ministre d'État Prise de position de Monsieur le Premier Ministre, Ministre d'État
19.07.2021

Eng Stellungsnam ass den 19-07-2021 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 1912 ugefrot ginn

Minister(en): Monsieur Xavier Bettel, Premier ministre, Ministre d'Etat

Demande de prise de position avec information au pétitionnaire Demande de prise de position avec information au pétitionnaire
07.07.2021

Déi ordinär Petitioun Nr. 1912 gouf den 07-07-2021 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert

Recevabilitéit: recevabel

11.06.2021

D'einfach Petitioun Nr. 1912 gouf den 11-06-2021 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Pétitioun fir een onverwiesselbaren an eenzegaartegen Fändel

Zil vun der Petitioun: Moïen,

 

Ech sin ganz frou Iech ze kontaktéieren fir eng Saach déi mir scho laang um Häerz läit.

 

Ech sin zu Lëtzebuerg gebuer vun kapverdianesch Elteren an hei opgewuess. Ëmmer extrem houfreg op dëst Land an ÉIWEG dankbar fir alles wat ët mir bréngt.

 

Iwwerall wou ech higinn sin ech ëmmer ganz frou wann ech e Lëtzebuergeschen Fändel gesin.

Ech hun awer ëmmer d’gefill dass den nationale Fändel dem Land säin Image a sengem Rang net entsprëcht.

 

Mir hu bei munnech Events e lëtzebuergesche Fändel mam Roude Léiw. Dëse Fändel ass prächteg, majestéitesch awer virun allem eenzegaarteg!

Dëse Fändel mécht et méiglech et gutt z'ënnerscheeden vun deem vun anere Länner déi ganz ähnlech Fändelen hunn.

 

An zousätzlech géif et wierklech den Touch vun Originalitéit an Adel ginn daat d'Land méi verdéngt wéi jee.

 

Dën “Made in Luxembourg” verbreet sech ëmmer méi. Mir sinn etlech déi ganz houfreg sin lëtzebuergesch produkter ze konsuméieren an d’Land ze promoten iwwerall wou mir ginn.

Et ass eppes eenzegaarteg iwwer dëst Land daat ech trotz ville Reesen soss néierens fannen.

Also sin ech der Meenung dass d’Land ët och verdéngt en eenzegaartege Fändel ze hunn deen ët gutt duerstellt.