Petitionnär/in: Olivier Betz
Finanziell Ennerstëtzung vum Staat fir Elteren
Zil vun der Petitioun
Dei Mamm oder deen Papp deen sech dozou entscheed net schaffen zegoen mee doheem ze bleiwen fier seng Kanner nierft der Schoul doheem ze erzeien, sollten vum Staat dofier gehollef kreien finanziell. Ideal wier et do zb vum Alter vum Kand vun 0 Joer bis zum 15 Liewensjoer. Während der ... méi
Motivatioun vun der Petitioun
Wann ee keng Arbescht huet an op der Sich ass no enger Arbescht, kritt ee vum Staat den Chomage. Kritt ee keen Chomage mei kann een de Revis ufroen sou condition dass een op der Sich no enger Arbescht ass. Heescht soubaal een op der Sich ass no Arbescht gett ee vum Staat finanziell ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 4419
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1878 z'ënnerschreiwen ass den 16-07-2021 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 4618
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1878 ka vum 04-06-2021 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 1878 gouf den 03-06-2021 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 04-06-2021 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 15-07-2021 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 02-06-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1878 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 1878 gouf den 17-05-2021 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Finanziell Ennerstëtzung vum Staat fir Elteren
Zil vun der Petitioun: Dei Mamm oder deen Papp deen sech dozou entscheed net schaffen zegoen mee doheem ze bleiwen fier seng Kanner nierft der Schoul doheem ze erzeien, sollten vum Staat dofier gehollef kreien finanziell.
Ideal wier et do zb vum Alter vum Kand vun 0 Joer bis zum 15 Liewensjoer.
Während der Zeit sollten d'Famillen och een Revenue minimal kreien fier d'Kannererziehung.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Wann ee keng Arbescht huet an op der Sich ass no enger Arbescht, kritt ee vum Staat den Chomage.
Kritt ee keen Chomage mei kann een de Revis ufroen sou condition dass een op der Sich no enger Arbescht ass.
Heescht soubaal een op der Sich ass no Arbescht gett ee vum Staat finanziell ennerstetzt.
Wann een sech awer lo dozou entscheet doheem ze bleiwen fir seng Kanner nierft der Schoul, doheem zehaalen an net an eng Structur ze schecken, dann gett een net ennerstetzt. Deen Modèle ass net ganz kannerfrendlech.
Vill Kanner mussen vun moies 7 bis speit an den Daag ran an enger Stuctur versuegt gin well d' Mama an de Papa mussen de ganzen Daag schaffen goen well et soss net finanziell opgeet......daat sollt net sou sin.
D'Kanner sollen eng Meiglechkeet hun fier doheem grouss zegin, natierlech sollt den sozialen Aspekt net feelen deen duerch sou eng Structur zu Staan kennt, mee d'Kanner sollten net de ganzen Daag fort sin vun doheem.
Dofier dess Petitioun fier ze froen dass d'Famille finanziell ennerstetzt soll gin vum Staat fier eng Erziehung doheem.