Ëffentlech n°1819

Petitionnär/in: Allan Milani

Eng eenzel Pièce d'identité mat Führerschäin an Sécurité Sociale inclus

Zil vun der Petitioun

D'Zil vun dëser Petitioun ass d'Aféiere vun enger eenzelner Pièce d'identité déi zugläich och de Führerschäin an och d'Sécurité Sociale mat sech bréngt. Außerdem kinnt een och den dossier médical personnel mat dëser eenzelner Pièce d'identité verbannen. Generell sollt dës Kaart den ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Dës eenzel Kaart giff et vereinfachen, waat d'Unzuel vu Kaarten ugeet déi mir ëmmer solle bei eis hun. Mat dëser Kaart hätt een alles an enger Kaart zesummen, waat och verschidden Démarchen am Ausland giff vereinfachen. Ennert aanerem giff dëst och bedeiten, datt manner Plastik giff gebraucht ... méi

ofgelaf  29.04.2021
99 /4.500
2%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
19.07.2021

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
07.07.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1819 ass den 07-07-2021 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

14.05.2021

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

12.05.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1819 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 12-05-2021 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 99

12.05.2021

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 99

30.04.2021

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1819 z'ënnerschreiwen ass den 30-04-2021 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 99

19.03.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1819 ka vum 19-03-2021 un ënnerschriwwe ginn

18.03.2021

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

17.03.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1819 gouf den 17-03-2021 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 19-03-2021 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 29-04-2021 um 23h59

17.03.2021

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 17-03-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1819 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

26.02.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1819 gouf den 26-02-2021 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Eng eenzel Pièce d'identité mat Führerschäin an Sécurité Sociale inclus

Zil vun der Petitioun: D'Zil vun dëser Petitioun ass d'Aféiere vun enger eenzelner Pièce d'identité déi zugläich och de Führerschäin an och d'Sécurité Sociale mat sech bréngt. Außerdem kinnt een och den dossier médical personnel mat dëser eenzelner Pièce d'identité verbannen. Generell sollt dës Kaart den bürokrateschen Deel vereinfachen.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Dës eenzel Kaart giff et vereinfachen, waat d'Unzuel vu Kaarten ugeet déi mir ëmmer solle bei eis hun. Mat dëser Kaart hätt een alles an enger Kaart zesummen, waat och verschidden Démarchen am Ausland giff vereinfachen. Ennert aanerem giff dëst och bedeiten, datt manner Plastik giff gebraucht gin, soumadder giff dës Kaart och en positiven ökologeschen Effekt op eis Emwëlt hun.

 

Waat lo zB de Führerschäin oder d'Sécurité Sociale oder nach den dossier médical personnel betrëfft, kinnten dës Donnéen iwwert en Chip oder den Magnéitsträifen ausgelies gin, em sou och Fraude d'identité z'évitéieren. Dës Donnéen kinnten och just déi zoutreffend Instanzen ausliesen.