Ëffentlech n°1677

Petitionnär/in: Paul De Jager

Senkung vun der TVA vu 17% op 15% bis den 01/01/2024 aus ekonomesche Grënn (COVID/Lockdown...) / Réduction de la TVA de 17% à 15% pour des raisons économiques (COVID/lockdown...) jusqu'au 01/01/2024

Zil vun der Petitioun

Senkung vun der TVA vu 17% op 15% bis den 01/01/2024 fir Kafkraaft ze héijen a Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg ze stäerken.

Motivatioun vun der Petitioun

- Duerch Senkung vun der TVA vu 17% op 15% kann Kafkraaft vu kleng Verdénger an Mëttelstand gestäerkt ginn. - TVA-Senkung wär eng direkt Hëllef fir all Bierger an wär net selektiv. - Den Duerchschnëttsinflatiounstaux lung déi läscht 4 Joer bei 1,5% Tendenz klammend par Rapport zu enger ... méi

ofgelaf  02.11.2020
167 /4.500
4%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
19.01.2021

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
13.01.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1677 ass den 13-01-2021 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

13.11.2020

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

11.11.2020

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1677 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 11-11-2020 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 167

11.11.2020

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 167

03.11.2020

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1677 z'ënnerschreiwen ass den 03-11-2020 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 167

22.09.2020

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1677 ka vum 22-09-2020 un ënnerschriwwe ginn

17.09.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1677 gouf den 17-09-2020 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 22-09-2020 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 02-11-2020 um 23h59

16.09.2020

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 16-09-2020 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1677 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

31.08.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1677 gouf den 31-08-2020 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Senkung vun der TVA vu 17% op 15% bis den 01/01/2024 aus ekonomesche Grënn (COVID/Lockdown...) / Réduction de la TVA de 17% à 15% pour des raisons économiques (COVID/lockdown...) jusqu'au 01/01/2024

 

Zil vun der Petitioun: Senkung vun der TVA vu 17% op 15% bis den 01/01/2024 fir Kafkraaft ze héijen a Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg ze stäerken.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: - Duerch Senkung vun der TVA vu 17% op 15% kann Kafkraaft vu kleng Verdénger an Mëttelstand gestäerkt ginn.

 

- TVA-Senkung wär eng direkt Hëllef fir all Bierger an wär net selektiv.

 

- Den Duerchschnëttsinflatiounstaux lung déi läscht 4 Joer bei 1,5% Tendenz klammend par Rapport zu enger

Duerchschnëttsgehältererhéjung vun 1,8% op 4 Joer gekuckt. Den Duerchschnëttsbierger kann net méi spuere, geschweige konsuméieren

 

- Och Rentner a Pensionäre géif des Mesure direkt ze gutt kommen, an net erreecht bei der nächster Rentenerhéijung.

 

- D' Ausmoosse vun dem Covid huet wirtschaftlech Repercussiounen op déi nächst 4 Joer an Perten fir den Normalverbraucher kommen erreecht

an den nächste Méint.

 

- Des Mesure géif hëllefe fir Präiserhéijungen an Inflatioun an Schach ze halen.

 

- Mesure géif och am Immobiliensecteur hëllefen.

 

- Den Horesca Secteur huet massiv gelidden ënnert dem Lockdown a brauch mindestens 2 Joer fir erëm op Been ze kommen.Des Mesure géif

och dëser Branche hëllefen.

 

- De Lëtzebuerger Handel géif duerch des Senkung erëm méiattraktiv par Rapport zum Ausland ginn